Verdacht op BrandstëftungDräi Persounen no Brand vun zwee Gefierer zu Fenneng festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg an de fréie Moiesstonne krut d'Police gemellt, dass en Auto zu Fenneng brenne géif.
Autoen a Flamen zu Fenneng - Police hat Sichaktioun lancéiert
Et war den Opruff, keng Leit mam Auto matzehuelen um Dënschdeg de Moien.

Wéi d’Police am Nomëtteg matdeelt, konnt net verhënnert ginn, dass d’Flamen op en zweet Gefier iwwergegraff hunn. Béid Gefierer goufen duerch d’Feier komplett zerstéiert.

Zeien hate géigeniwwer der Police ausgesot, dass si verdächteg Persounen an der Géigend vun der brennende Gefierer gesinn haten. Eng Enquête, déi doropshin an d’Weeër geleet gouf, war erfollegräich.

Nach am Laf vum Virmëtteg goufe véier Männer ermëttelt, géint déi de Verdacht vun der Brandstëftung besteet. Dräi vun hinne goufen op Uerder vum Parquet festgeholl. Si kommen nach am Laf vum Dënschdeg, virun den Untersuchungsriichter

Back to Top
CIM LOGO