Waasserversuergung garantéiertDrénkwaasser aus der Musel ass eng Optioun

Pierre Weimerskirch
D'Ressource Waasser gëtt op der Äerd ëmmer méi wäertvoll.
Waasserversuergung garantéiert
D’Ressource Waasser gëtt op der Äerd ëmmer méi wäertvoll.

Zu Lëtzebuerg misst ee sech keng Suerge maachen, datt een an de nächste Joren net genuch Drénkwaasser hätt, d’Kapazitéite goufen ausgebaut, zousätzlech Ressourcë kéinte mobiliséiert ginn, och Waasser aus der Musel kéint an Zukunft opbereet ginn. Fir e Mee war et extrem dréchen. De Waasserverbrauch bei de Leit deementspriechend héich. Bei der Opbereedung louch ee bei Produktioune wei am Summer, esou de Christian Schroeder vun der Sebes.

Genuch Waasser am Stauséi

De Stauséi ass den Ament gutt gefëllt a läit bei knapp 319 Meter iwwer dem Mieresspigel. Dat ass e Volume vu 50 Millioune Kubikmeter Waasser. D’ Sebes brauch am Joer ronn 20 Milliounen.

Grondwaasser konnt sech net genuch fëllen

Iwwert de leschte Wanter gouf et en Defizit bei der Recharge vum Grondwaasser vu ronn 30 Prozent, dat sot den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes am RTL-Interview. Géif ee lo nach emol esou ee Wanter kréien, géif een et ze spiere kréien. D’Grondwaasser géif knapp d’Hallschent vun eisem Drénkwaasser ausmaachen.

Drénkwaasser aus der Musel?

D’ Muselwaasser opzebereeden, wier technesch kee Problem, éischt Etüde wiere scho gemaach ginn, esou den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt. De Jean-Paul Lickes:

“D’Musel huet och de Virdeel, datt et ee komplett anert Anzuchsgebitt ass, wat vill méi grouss ass, dat heescht, mir hunn zwar ee Klimawandel, mee trotzdeem sinn do d’Schwankungen net esou grouss. Mir sinn dann do méi sécher, datt mer souguer mam Klimawandel déi néideg Quantitéit ouni Problem kënnen erauszéien.”

Waasser spueren?

Et sollt een am Prinzip ëmmer spuersam mam Drénkwaasser ëmgoen. D’Waasser ass eng vun de kostbaarste Ressourcen, et misst een ëmmer nees den Appell maache spuersam domat ëmzegoen. An de leschte Jore wier de Pro-Kapp-Verbrauch zu Lëtzebuerg zréckgaangen, ma de Bevëlkerungswuesstem géif dat awer iwwerkompenséieren.

Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt am RTL-Interview

Spuersam mam Drénkwaasser ëmzegoen, dat ass en Appell, deen d’Waasserwirtschaftsamt net just matzen am Summer, mä d’ganzt Joer iwwer mécht. D’Drénkwaasser ass eng Ressource, mat där een net kann egal wat maachen, huet den Direkter Jean-Paul Lickes am Interview op der Tëlee ënnerstrach. De Wanter an d’Fréijoer ware relativ dréchen an dat mierkt een elo schonn, och wann d’Reserven um Stauséi gutt gefëllt sinn, Dany Rasqué.

Den Interview mam Jean-Paul Lickes
Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt war Invité am RTL-Journal.

Tëschent Oktober a Mäerz fëlle sech normalerweis d’Reserve vum Grondwaasser, dëst Joer awer manner wéi soss, esou de Jean-Paul Lickes.

“D’Grondwaasser zielt bis zu 50 Prozent an eiser Drénkwaasserversuergung. Et muss ee leider feststellen, datt mer do en Defizit vu ronn 30 Prozent haten. Dat kritt d’Recharge vum Grondwaasser schonn ze spieren. Wa mer elo nach eng Kéier esou e Wanter hätten, da fänkt een dat wierklech un däitlech ze spieren.”

Waasserreserven / Reportage Dany Rasqué

Nach kann d’SEBES 80 Prozent vun der ganzer Bevëlkerung mat Drénkwaasser beliwweren, Waasser spueren ass trotzdeem wichteg fir d’Zukunft an dofir gëtt och un enger konsequenter Spuerstrategie geschafft. An neie Lotissementer soll zum Beispill dofir gesuergt ginn, datt d’Waasser méi wéi eemol ka benotzt ginn. Dat si Projeten, déi awer nach éischter an de Kannerschong géife stiechen.

Méi laangfristeg gekuckt, 2035 bis 2040 musse warscheinlech aner Ressourcen ugezaapt ginn, seet den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt a mengt d’Musel.

“D’Muselwaasser opbereeden ass technesch kee Problem. Et ginn och e ganze Koup, Länner ronderëm eis, déi bereeden och de Rhäin op. Dat ass ongeféier eng änlech Qualitéit. Dat gëtt iwwer modern Technike gemaach. D’Musel huet och de Virdeel, datt et e ganz anert Anzuchsgebitt ass, dat vill méi grouss ass. Mir sinn och do méi sécher, datt mer do souguer mam Klimawandel, déi néideg Quantitéit ouni Problem kënnen erauszéien.”

Manner Waasser verbrauchen, gëllt natierlech net just fir Privatleit, mä och fir d’Industrie a fir d’Landwirtschaft. Am Projet Google wier dofir och probéiert ginn, en innovative Wee ze goen, andeems ee géif Waasser vu Kläranlage benotzen, fir ze killen.

Lëtzebuerg un auslännesch Stauséien unzeschléissen, ass an den Ae vum Jean-Paul Lickes keng Optioun. Do misst eng Leitung vu bis zu 90 Kilometer gezu ginn an dat géif ze deier ginn.

Back to Top
CIM LOGO