De Minister an d’DP-Buergermeeschtesch Carole Hartmann ware sech eens, datt an den éischte Joren no den uergen Iwwerschwemmungen 2021 net genuch geschitt wier.
Op 8 Panneaue ginn d’Visiteuren am Iechternacher Park iwwert d’Geschicht an d’Restauratiounsaarbechten informéiert. Laanscht d’Sauer gouf eng provisoresch Beliichtung installéiert an et goufen eejäreg Blummen ugeplanzt. Aarbechten aus de leschte Méint, bei deenen de Kulturministère an den nationalen Denkmalschutzinstitut de Lead iwwerholl hunn, esou de Minister Eric Thill.
“Et ass en national geschützte Park, dat säit 1965, dëse Park gehéiert dem Staat, wou de Kulturministère an den INPA an der Verantwortung ass. Dat ass mir och ganz wichteg, dass mer déi Verantwortung iwwerhuelen, soudass mir fir d’Aarbechten hei am Lead sinn, wou mir och elo den Entretien iwwerhuelen, eis ëm den Entretien këmmeren, mat externen Firmen.”
Zanter 2022 goufen 200.000 Euro an d’Restauratioun vum Iechternacher Park investéiert, dee staark ënnert dem Héichwaasser vun 2021 gelidden hat, dovunner 124.000 Euro dëst Joer.. D’Iechternacher Buergermeeschtesch Carole Hartmann huet sech zefridde gewisen - et géing een endlech Resultater gesinn.
“Bis eng definitiv Beliichtung do ass, brauch et awer fir d’Sécherheet vun de Leit eng Beliichtung am Park, bis eng definitiv Plantatioun och do ass, an d’Broderië brauch et awer och trotzdeem en Ornament, et brauch awer weider Blummen am Park, déi de Park ëmmer schéi gemaach hunn.”
D’Gemeng krut och elo d’Autorisatioun, fir de Minigolf-Terrain nei opzebauen. D’Héichwaasser vun 2021 wier eng exzeptionell Situatioun gewiescht, op déi ee schwéier hätt kënne preparéiert sinn, sou d’Buergermeeschtesch. Nawell gëtt dru geschafft, den Héichwaasserschutz ze verbesseren.
“Net méi spéit wéi lo am Hierscht, wäert en drëtte Reegenüberlaufbecken hei op der, och laanscht d’Promenade vun Iechternach, vun der Sauer, wäert en place gesat ginn.”
D’Gemeng hätt donieft och Büroe beoptraagt, fir sech iwwert de Schutz virun Héichwaasser a Staarkreen beroden ze loossen.