Parlamentaresch FroDrëtt Impfdosis fir Leit mat chroneschen Autoimmunkrankheeten oder Organspend

RTL Lëtzebuerg
D'Doktere gi kuerzfristeg ugeschriwwen, fir der Santé déi Persounen ze mellen, déi eng drëtt Impfdosis géint de Coronavirus kréie sollen.

Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt ervir.

Besonnesch Leit, déi sougenannt immunsuppressiv Medikamenter huelen, forméiere manner gutt Antikierper no enger Impfung a kënnen domadder kee sou e gudden Immunschutz opbauen. Et geet hei zum Beispill ëm Leit, déi eng Organspend kruten oder chronesch Autoimmunkrankheeten hunn.

Back to Top
CIM LOGO