Virfäll an der StadDrogendealer gepëtzt a Mann krut seng Kap geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass eng Policepatrull am Nomëtteg am Garer Quartier op eng verdächteg Persoun opmierksam ginn.
© RTL Archivbild

De Verdacht louch no, dass et sech géif ëm en Drogendealer handelen. Bei der Kontroll huet de Mann sech och onkooperativ verhalen a wollt flüchten. Hie gouf immobiliséiert an duerchsicht. 84 Drogeplompen a Boergeld konnten dobäi séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl.

An der Nuecht op e Samschdeg gouf gemellt, dass e Mann an der Avenue Monterey an der Uewerstad vun e puer Onbekannte iwwerfall gi wier. Hien hätt seng Marke-Kap geklaut kritt. D’Police huet no den Täter gesicht, ouni Succès. Ermëttlunge goufe lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO