82.000 Kontakter an Uriff zejoertD’Servicer vum Planning Familial sinn ëmmer méi gefrot

Dany Rasqué
Et goufen 2025 ënnert anerem 1.254 Demanden fir eng Ofdreiwung. Am Verglach mam Joer virdrun ass dat e Plus vu 5 Prozent. Bei dem Theema ass dem Service och nach Loft no uewen.
© Envato Symbolbild

De Planning Familial ass houfreg drop, datt an d'Lëtzebuerger Verfassung stoe kënnt, datt all Fra am Fall vun enger ongewollter Schwangerschaft dierf ofdreiwen. D'Associatioun huet jo, zesumme mat villen Aneren, d'lescht Joer dofir gekämpft.

Planning Familial / Reportage: Dany Rasqué

Donieft haten d'Leit, déi fir de Planning Familial schaffen, vill Aarbecht. Méi wéi dat Joer virdrun, wéi d'Presidentin vum Verwaltungsrot, d'Fatima Rougi, e Mëttwoch den Owend op der Generalversammlung vun der Associatioun sot.

Am Ganze goufen et 2025 méi wéi 82.000 Kontakter an Telefonsuriff, am Verglach mam Joer virdrun ass dat e Plus vu sechs Prozent. Fir d'Fatima Rougi ass dat e kloert Zeechen, datt déi verschidde Servicer, déi op deenen dräi Sitten, also zu Esch, an der Stad an zu Ettelbréck, ugebuede ginn, "gefrot an nëtzlech" sinn.

Et goufen zejoert 1.254 Demanden fir eng Ofdreiwung. Am Verglach mam Joer virdrun ass dat e Plus vu fënnef Prozent. 990 Interventioune goufen an den Zentren vum Planning Familial gemaach, dat ass e Véierel méi, wéi nach dat Joer virdrun.

D'Fatima Rougi ënnersträicht, datt dat just d'Zuele vun der Associatioun sinn. Offiziell Zuelen ginn et zu Lëtzebuerg bekanntlech keng.

Och wann de fräiwëllegen Ofbroch vun enger Schwangerschaft an d'Verfassung stoe kënnt, bleiwen nach genuch Fuerderungen iwwereg, fir déi d'Associatioun sech an den nächste Jore wëll asetzen.

Si fuerdert zum Beispill, datt d'Kondomer gratis ginn. D'Fatima Rougi seet, et géif opfalen, datt een net méi an der "Generatioun Aids" wier an datt dacks kee Kondom méi géif benotzt ginn, obschonn deen net just géint ongewollt Schwangerschafte géif schützen, mä eeben och géint Infektiounen, déi beim Sex iwwerdroe ginn. Et ginn nämlech ëmmer méi Leit, déi esou Infektiounen hunn.

De Planning Familial confirméiert, datt och d'Gewalt ëmmer méi an d'Luucht geet. D'Associatioun hëlleft och do de Betraffenen. Zum Beispill mat psychologesche Consultatiounen.

Eng weider Fuerderung vum Planning Familial bleift et, datt all Fra bis déi 14. Schwangerschaftswoch dierf ofdreiwen an net just bis déi 12. Woch. Der Fatima Rougi no géifen et net vill Fraen ginn, déi d'Associatioun misst an d'Ausland schécken, well d'Schwangerschaft ze spéit opfält, mä et wiere bal ëmmer Fraen, déi an enger ganz prekärer Situatioun sinn.

Wann ee grad si misst an d'Ausland schécken, fir ofzedreiwen, wier dat eng Zort Strof, déi an enger scho schwéierer Situatioun nach géif dobäi kommen.

Back to Top
CIM LOGO