An der ChamberD'Spezial-Kommissioun iwwert d’Caritas-Affär kënnt e Méindeg nees zesummen

RTL Lëtzebuerg
No der Demissioun vun der CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert als där hir Presidentin, wäert e Méindeg en neie President designéiert ginn.
© Bartolomiej Pietrzyk/Shutterstock

Dat dierft eisen Informatiounen no den Dikrecher Député-maire Charel Weiler ginn.

Da si Vertrieder vun der Consulting-Firma Price-Waterhouse-Coopers invitéiert, fir en Austausch. Ufanks wollten déi jo net an d’Kommissioun kommen an hate Konditioune gestallt. PWC gouf jo vun der Caritas gefrot, fir d’Faillë vun hirem finanzielle Management-System erauszefannen an intern Prozeduren z’iwwerpréiwen.

Mëttlerweil goufen an der Caritas-Affär jo och schonn néng Leit festgeholl. Ee bulgaresche Staatsbierger sëtzt schonn an Untersuchungshaft zu Suessem, aacht weiderer goufen a Bulgarien an a Frankräich gepëtzt a waarden op hir Ausliwwerung.

Back to Top
CIM LOGO