No zwee méi more JorenD'Stater Geschäftsleit sinn zefridde mam Chrëschtgeschäft

RTL Lëtzebuerg
D'Chrëschtdagszäit ass och Kaddos-Zäit. Fir d'Geschäftsleit zielt den Dezember dowéinst zu deene wichtegste Méint vum Joer.
D'Sater Commerçante hunn eng Reprise beim Chrëschtgeschäft festgestallt
D’Chrëschtdagszäit ass och Kaddos-Zäit. Fir d’Geschäftsleit zielt den Dezember dowéinst zu deene wichtegste Méint vum Joer.

Allgemeng soen d’Commerçanten, datt leschte Mount vill Clienten an der Stad ënnerwee waren, an d’Geschäfter gutt gelaf wieren. No zwee méi more Jore géing een d’Reprise elo spieren.

Nom Chrëschtdagsgeschäft komme bekanntlech d’Wantersolden. Zanter dem leschten Donneschdeg kënnen d’Butteker elo Prozenter op hir Wuere ginn. Am Buttek an an de Stocke muss Plaz gemaach gi fir d’Wuere vun der neier Kollektioun.

Wéi wichteg d’Solden effektiv fir d’Geschäftswelt sinn, weist de Bléck iwwer d’Grenz. Wéinst Lëtzebuerg däerfen d’Butteker am Departement Lorraine eng Woch éischter mat de Solden ufänke wéi am a Rescht vu Frankräich. Eigentlech fänken d’Solde bei eisen Noperen nämlech eréischt den nächste Mëttwoch un.

Back to Top
CIM LOGO