NationalfeierdagD'Truppe si prett fir d’Militärparad

RTL Lëtzebuerg
De leschte Sonndeg war déi grouss Prouf fir d'Militärparad an der Stad.

D’Militärparad réckelt ëmmer méi no! Ronn 730 Participante vun ënnert anerem der Arméi, Police a vum CGDIS wäerten um Nationalfeierdag vun 12 Auer un duerch d’Avenue de la Liberté defiléieren. A fir dass och näischt schif geet, war e Sonndeg déi grouss Generalprouf.

Géint hallwer néng huet sech an der Stad déi éischt Participante fir d’Prouf vun der Militärparad zesummefonnt. D’Zaldote stounge scho prett, d’Camionnettë mat de Poliziste koumen un an d’Militärmusek huet hir Instrumenter ausgepaakt. Pénktlech um 9 Auer sollt jiddereen op senger Positioun stoen. “Et ass ëmmer opreegend”, esou d’Sarah Czech, déi bei der Militärmusek Klarinett spillt, “mir si jo scho vum 22. Juni u mat dobäi: d’Relève de Garde, an dann och owes. Et ass schonn ee stramme Programm,mä et mécht och Spaass dobäi ze sinn, definitiv.

Am Ganze ware bei der Prouf ronn 720 Leit dobäi. Den Oflaf gouf genee esou geprouft, wéi en och fir Nationalfeierdag virgesinn ass. Mat der Ausnam vun de Fligeren. Stonnen a Stonnen hunn déi verschidde Gruppen den Defilé an d’Mise en Place geüübt. Dës Generalprouf war awer déi éischte Kéier, dass de ganzen Dispositif beienee koum, erkläert de Major Van Camp.

“Mir prestéieren hei vis-à-vis vun der Populatioun op där enger Säit, vis-à-vis vun den Autoritéiten op där anerer Säit, wou och de Grand-Duc als Souverain vum Land present ass. Dat ass natierlech net evident, dat mécht een net all Dag.”

Keng Spuer vun Opreegung dogéint gouf et bei der Monique Bernotte. Dobäi spillt si eng net ganz onwichteg Roll bei der Zeremonie. Hir gehéiert d’Stëmm, déi duerch d’Parad féiert. Eng Aufgab, déi d’Monique 2018 fir d’éischte Kéier iwwerholl huet. De Generol Duschène hat si deemools op engem Concert vun der Militärmusek ugeschwat, wou si d’Presentatioun gemaach huet. Si hätt net gezéckt, fir d’Offer unzehuelen, esou d’Adjudant Major Monique Bernotte.

“Dat mécht richteg Spaass. Et ass mol eppes aneschtes. No sou ville Joer an den Truppen ze stoen, dann hei vun dëser Säit d’Parad ze gesinn.”

Si steet direkt nieft der Éierentribün, vu wou aus ënnert anerem d’groussherzoglech Famill d’Parad wäert kucken. An och d’Arrivée vum Grand-Duc gëtt wärend de Prouwen nogestallt, fir dat Ganzt esou realistesch wéi méiglech ze halen. Um groussen Dag muss nämlech all Detail stëmmen.

Nationalfeierdag: Generalprouf vun der Militärparad
De Leschte Sonndeg war déi grouss Prouf fir d’Militärparad an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO