60 Joer grouss Schëfffaart op der MuselDuerch Ewechfale vum Peage soll Transport um Schëff nees méi attraktiv ginn

Fanny Kinsch
Pierre Jans
Zanter 60 Joer ass d'Musel fir d'Schëfffaart kanaliséiert.
60 Joer grouss Schëfffaart Musel
Duerch Ewechfale vu Peage soll Transport um Schëff nees méi attraktiv ginn

60 Joer grouss Schëfffart op der Musel / Reportage Fanny Kinsch

En halleft Joer nom Joresdag, op deem d’Musel a Presenz vum Charles de Gaulle, dem Heinrich Lübke an der Grande-Duchesse Charlotte fir d’grouss Schëfffaart opgemaach gouf, gouf e Mëttwoch den Anniversaire gefeiert. Et gouf zréckgekuckt op déi lescht 60 Joer, awer och op d’Erausfuerderunge vun haut.

Bei der Zeremonie zu Gréiwemaacher gouf ënnerstrach, datt d’Zesummenaarbecht tëschent Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland op der Musel nieft dem wirtschaftlechen Impakt och symbolesch wichteg war fir d’europäesch Reconciliatioun nom Krich. D’Musel hätt d’Geschicht vun der europäescher Integratioun materlieft, awer och de Wandel vum Transport vu Stolwueren op landwirtschaftlech Produiten, esou d’Lëtzebuerger Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.

“Siwe Milliounen Tonne Marchandise sinn d’lescht Joer transportéiert ginn. Dat ass trotzdeem enorm. 4.500 Schëffer, déi d’lescht Joer mat Marchandisen och hei gefuer sinn. Ech mengen, dat si Chifferen, déi weisen trotzdeem d’Wichtegkeet an et ass en Transport, dee mer wierklech och wëlle promouvéieren, well et ass e propperen Transport. Dee muss natierlech mat agebonne ginn an dann och op d’Schinne kënne weidergefouert ginn, dass et Sënn mécht.”

Effektiv hätt de Schëffstransport manner CO2-Emissioune wéi zum Beispill den Transport op der Strooss, ënnersträicht d’franséisch Ambassadrice zu Lëtzebuerg Claire Lignières-Counathe. Mam Ofbau vun der schwéierer Industrie, Stol a Kuel, hätt den Transport um Schëff awer ofgeholl.

“Néanmoins il est relié à Metz, cet axe, et Metz reste encore le premier port céréalier de France. Donc je pense qu’il y a de côté français en tout cas un intérêt à utiliser cet axe. On a aussi mentionné peut-être d’autres types d’exploitations, donc pas forcément le transport de marchandises, mais peut -être aussi un vecteur touristique pour des bateaux de plaisance, etc.”

Nieft dem Rhäin géing d’Musel deen am meeschte frequentéierte Waasserwee an Europa bleiwen, esou déi däitsch Ambassadrice fir Lëtzebuerg Heike Peitsch. Déi verschidden Intervenante ware sech eens, datt d’Ewechfale vun de Peagen am Summer d’nächst Joer den Transport iwwer d’Musel nees méi attraktiv maache wäert.

“Denn schon wenige Euro entscheiden über den Weg des Transportmittels. Und ich bin wirklech felsenfest davon überzeugt, dass die Mosel-Schifffahrt auch weiterhin eine Zukunft hat. Aber man muss natürlich sich den veränderten Gegebenheiten auch anpassen. Und das haben wir, glaube ich, bisher gut hingekriegt.”

Et wier wichteg, verschidden Transportméiglechkeete fir d’Wuer ze hunn, esou d’Ambassadrice, well et kéinten ëmmer Katastrophe passéieren. Dat wier engem duerch d’geo-strategesch Situatioun och nach eemol méi bewosst ginn.

Link: De Communiqué um Site vum Mobilitéitsministère
(07.07.24) Pisa - De Wëssensmagazin: Eng propper Musel muss et sinn

Back to Top
CIM LOGO