
An der Rue du Fort Neipperg an der Stad waren en Dënschdeg den Owend e puer Leit uneneegeroden. Wéi eng Patrull op d’Plaz komm ass, sinn d’Leit, déi sech do opgehalen hunn, an all d’Richtunge fortgelaf. Eng Persoun konnten d’Beamte stellen a bei der Kontroll vun dëser koum eraus, datt e Mandat d’arrêt géint dës géif virleien. Dowéinst koum de Mann, nodeem hien en Dokter gesinn hat, op den Uerschterhaff an Untersuchungshaft a krut direkt fir e Mëttwoch e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Da mellt d’Police nach, datt a verschidden Autoen agebrach goufen. Een esou e Fall gouf et an der Rue Guillaume Kroll zu Esch. Hei war eng Fra grad amgaangen, hiren Auto opzelueden, wéi en Täter ausgenotzt huet, datt si kuerz mat eppes anerem beschäftegt war. An där Zäit huet hien zwou Poschen aus dem Auto geklaut. D’Police gouf alarméiert a konnt den Täter kuerz drop och fannen. Op Uerder vum Parquet goufe dëse protokolléiert an d’Fra krut déi geklaute Géigestänn zeréck.
A méi Autoe gouf dann an der Rue Sosthène Weis am Pafendall agebrach an d’Gefierer goufen duerchwullt. Ermëttlunge lafen.