Future Ready DaysD'Zukunft vun den Entreprisen ass digital

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war an der Luxexpo en Evenement iwwer déi digital Transitioun vu klengen a mëttelstännegen Entreprisen.
D'Zukunft vun den Entreprisen ass digital
En Dënschdeg war an der Luxexpo en Evenement iwwer déi digital Transitioun vu klengen a mëttelstännegen Entreprisen.

Dëst Joer louch de Fokus op der Kënschtlecher Intelligenz an der Cybersécherheet. Wéi wichteg ass dat fir Betriber? Wéi eng Hëllefe stinn hinnen zur Verfügung? A wéi kann een d’KI an den Entreprisen integréieren?

Future Ready Days / Reportage Carla Schuller

D’Digitaliséierung bréngt vill Méiglechkeeten an awer och nei Erausfuerderungen. D’Future Ready Days vum Ekonomieministère an den aneren Acteuren aus dem Secteur hu bal 300 Leit ugezunn.

D’Zil ass et, virun allem déi kléng a mëttelstänneg Entreprisë bei hirer digitaler Transitioun ze ënnerstëtzen. Esou wéilt een hir Sécherheet garantéieren, hir Resilienz stäerken an hir Innovatiounsfäegkeet erhéijen. D’Digitaliséierung wier fir d’Kompetitivitéit vun der Entreprise net ewechzedenken, erkläert den Ekonomiesminister Lex Delles.

Eng Entreprise, déi haut net digital ass, huet Schwieregkeeten, muer nach ze fonctionéieren. An dat nämmlecht ass et och bei der Kënschtlecher Intelligenz. Entreprisen, déi Kënschtlech Intelligenz benotzen, mir wëssen, dass et scho ganz vill Entreprisë gëtt zu Lëtzebuerg, déi Programmer hunn, déi au moins deelweis op Kënschtlech Intelligenz zréckgräifen, sinn Entreprisen, déi méi produktiv kënne schaffen, déi also muer méi konkurrenzfäeg si wéi anerer. Wann also Entreprisen den Zuch verpasse vun der Digitaliséierung, vun der Kënschtlecher Intelligenz, da kann et sinn, dass déi Entreprisë muer net méi do sinn.

Fir de PMEen dobäi ze hëllefen, huet de Minister en Dënschdeg zwee nei Hëllefspäck annoncéiert. Dës fokusséiere sech op Kënschtlech Intelligenz a Cybersécherheet. Mat deene kënne Betriber beroden, begleet a finanziell ënnerstëtzt ginn. Virun allem d’Cybersécherheet géif ëmmer méi wichteg ginn.

Also iwwert d’Cybersecurity hu mer festgestallt, dass mer iwwer 1.100 Attacken an enger Woch haten. Also net an engem Joer, mee dat ass an enger Woch, wou et esou vill Attacken un Entreprisë gemaach gi sinn. An dat ass nach eng Kéier 102% méi wéi dat Joer virdrun. Dat weist wierklech, dass do eng grouss Problematik ass. Ech mengen, wann ee méi vun Intelligence artificielle schwätzt, ass kloer, dass déi aner Säit déi Cyberattacken och an d’Luucht ginn. Dat heescht, dat geet main en main souzesoen, d’Intelligence artificielle geet net ouni Cybersecurity.”, esou d’Stéphanie Damgé, Directrice vum House of Entrepreneurship.

Och am Handwierk fënnt d’Kënschtlech Intelligenz hire Wee an d’Betriber. Den Tom Wirion, Direkter vun der Chambre des Métiers, erkläert, dass et um Ufank net esou einfach gewiescht wier

Also fir d’Handwierk ass d’AI interessant, fir ganz vill administrativ Tâchen ze vereinfachen, fir d’Prozesser ze optimiséieren a sech méi op de Core-Business, op de Métier ze konzentréieren, firwat se do sinn. D’Digitalisatioun, wann d’Prozesser kloer definéiert sinn, dann ass manner Pabeier ënnerwee, dann ass den Handwierker, dee beim Client ass, dee ka seng Fiche de travail elektronesch zum Beispill eraginn. Also, wéi gesot, de Betrib gewënnt u Performance, u Kompetitivitéit, well eeben eng ganz Rei Tâchen duerch d’Digitalisatioun an d’Intelligence artificielle kënnen opgeholl ginn.

Laut enger Eurostat-Statistik hunn zejoert bal 14% vun den EU-Entreprisë Kënschtlech Intelligenz an hire Geschäftsprozesser benotzt. Dobäi géing Lëtzebuerg virbäi leien, seet d’Stéphanie Damgé. Fazit ass also, et kënnt een net méi laanscht d’Kënschtlech Intelligenz.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO