
E Freideg am Nomëtteg huet d’Police zu Clierf eng Persoun kontrolléiert. Wéi se de Mann iwwerpréift hunn, huet sech erausgestallt, dass et en europäeschen Haftbefeel géint hie gouf.
De Mann gouf doropshin op Uerder vum Parquet festgeholl an hat um Samschdeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.