Ëmgang mat soziale Medien"E kalen Entzuch mécht wéineg Sënn"

Diana Hoffmann
Maachen Internet an digital Medie wierklech krank? Mat där Fro beschäftege sech zanter der Rentrée Schüler aus dem Atert-Lycée.
"E kalen Entzuch mécht wéineg Sënn"
Maachen Internet an digital Medie wierklech krank? Mat där Fro beschäftege sech zanter der Rentrée Schüler aus dem Atert-Lycée.

D’Schüler solle léieren, déi sozial Medie kritesch ze notzen. Dat duerch e Projet, deen d’Schoul zesumme mam Nationale Service vun der Jugendpsychiatrie an der onofhängeger Opsiicht fir audiovisuell Medien ALIA, organiséiert. Etudë weisen nämlech, datt en iwwerméissege Konsum vun digitale Medien dacks begleet ass vun Depressiounen oder Angschtstéierungen.

En Alldag ouni Handy kënnen d’Schüler vun der 2ième aus dem Atert-Lycée sech net virstellen. Déi Jonk vergläiche virun der Dier vun hirem Klassesall hier Bildschiermzäit. “4 Stonne pro Dag”, stellt den Noah fest. “Gréisstendeels sinn ech warscheinlech op de soziale Medien. Instagram oder Youtube”, stellt de Jugendleche fest. D’Shemsy huet dogéint hiren Handy awer just eng 2 Stonnen den Dag am Grapp. Si wier sech bewosst, dass ze vill um Handy ze sinn, kee Sënn géing maachen. “Ech hu mer och selwer op TikTok eng Spär gemaach”, erkläert si.

Fir bei de Schüler Bewosstsinn ze schafen, sollte si am Virfeld vun dësem Cours hiren Handykonsum am A behalen. “Dat war fir si sou e richtege Schockmoment. Se hu festgestallt, dass se deelweis 9 Stonne pro Dag op dem Handy TikTok, Instagram oder egal wat gekuckt hunn”, temoignéiert d’Liana Kang, Däitschproff am Atert-Lycée d’Erfarunge vun de Schüler.

© Diana Hoffmann

An engem Cours, dee vun der Vertriederin vun der Medienopsiicht (Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel kuerz ALIA) gehale gëtt, geet et ëm Designmuster op Plattformen. An ëm d’Fro, wéi vill eng exzessiv Handynotzung e Manktem u Selbstdisziplin ass a wéi vill duerch Logarithmen eng Ofhängegkeet gefuerdert gëtt. “Et sinn Automatismen, déi mechanesch quasi funktionéieren an déi eis dozou verleeden, ëmmer erëm gewëssen Aktiounen ze widderhuelen. D’Widderhuelung ass e bëssen dat, wat dofir suergt, dass mer an engem gewëssenen Zyklus bleiwen an ëmmer erëm interagéieren”, seet d’Samra Cindrak vun der ALIA, déi de Cours an der Schoul gehalen huet.

Wann ee sech bewosst ass, wisou Saachen ugewise ginn, kéint een anescht drop reagéieren. Einfach wier dëst awer natierlech net, erkläert d’Samra Cindrak. Et wéisst een natierlech, dass e kalen Entzuch wéineg Sënn géing maachen a ganz dacks net géing klappen. Graduell de Konsum vu soziale Medie reduzéieren, wier hirer Meenung no e Wee, deen ee kéint goen.

Nom Cours waren d’Schüler dann der Meenung, si wéissten eigentlech, wéi déi sozial Medie géinge funktionéieren. Doriwwer eraus sote se awer och, si wéissten, dass et gutt wier, wa se hire Konsum vun de soziale Medie géinge reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO