Uni.luIntransparenz an Interessekonflikt bei Verdeelung vu Fuerschungsgelder

Michèle Sinner
Den Institute for Advanced Studies (IAS) vun der Uni Lëtzebuerg huet d’lescht Joer enger Kandidatin Fuerschungsgelder fir hire Projet ginn, déi selwer am Jury fir d’Verdeelung souz.
© Amaury Sinner

Dobäi seet de Code de Conduite vun der Uni, datt een net däerf un Decisiounen oder Diskussiounen deelhuelen, wann een en Interessekonflikt huet. D’Emma Schymanski vum Luxembourg Centre for Systems Biomedecine (LSCB) ass Member am Conseil Scientifique vum IAS. Si gehéiert zu de “Fellows”, hat also schonn emol Fuerschungsgelder vum Institute for Advanced Studies an der Kategorie “Audacity” fir interdisziplinär Fuerschungsprojete kritt. Als “Fellow” ass si och an de Conseil scientifique gewielt a vum Recteur nominéiert ginn.

Interessekonflikt bei Verdeelung vu Fuerschungsgelder - Rep. Michèle Sinner

Ma d’lescht Joer huet si eng nei Demande fir Audacity-Fuerschungsgelder gemaach. Hire Projet “AI4TECS: AI-Powered System for Real -Time Identification and Treatement of Emerging Contaminants” zesumme mat engem Fuerscher vun der Fakultéit fir Sciencen, Technologie a Medezin (FSTM) ass ee vu fënnef Projeten, déi de leschten Dezember Audacity-Gelder kritt hunn.

Deen Interessekonflikt gëtt guer net verstoppt. Datt d’Wëssenschaftlerin Member am Conseil Scientifique ass, deen d’Projeten analyséiert a bewäert an datt si d’lescht Joer Sue fir hiren eegene Projet krut, sinn ëffentlech Informatiounen, déi een op der Websäit vum IAS kann opruffen.

Den Institute for Advanced Studies gouf 2020 gegrënnt, fir d’Barrièren tëscht den Disziplinnen ofzebauen. E steet ënnert der Autoritéit vum Vice-Recteur fir Fuerschung. Dat ass de Moment d’Simone Niclou. Chef vum IAS ass de Claus Vögele.

Den Institut verdeelt all Joer Milliounen Euro Fuerschungsgelder. De Finanzéierungsplaffong fir een Audacity-Projet läit bei 460 000 Euro. Dobäi stinn all d’Demandë fir eng Audacity-Finanzéierung mateneen a Konkurrenz, egal wéi eng Fachdisziplinen d’Projete couvréieren.

RTL-Informatiounen no souz d’Emma Schimansky de leschten November am Jury, wéi Konkurrenten hire Projet presentéiert hunn. Si huet Froe gestallt, bei der Evaluatioun matgemaach a Notte fir dës Konkurrenz-Projete verdeelt. Zwar verbidden déi intern Reegelen vum IAS de Memberen, vum Conseil Scientifique net explizit eng Demande fir Fuerschungsgelder vum Audacity-Programm ze maachen. Mee de Code de Conduite vun der Uni seet awer: “Members of the University’s bodies and committees shall refrain from taking part in any discussion or decision concerning matters where there is a conflict of interest on their part.”

RTL huet bei der Uni a beim Emma Schymanski ënnert anerem nogefrot, ob si sech aus den Diskussiounen ëm hir eege Kandidatur zeréckgezunn huet. An ob si e Verstouss géint de Code de Conduite vun der Uni gesinn. D’Fuerscherin selwer huet op de Pressebüro vun der Uni verwisen. Deen huet d’Froen och net beäntwert an op d’Audite verwisen, déi solle gemaach ginn . «Please kindly note that over the last months, the University has answered multiple media inquiries about internal processes. Currently we have launched initiatives and we are awaiting two external audits on HR processes and governance. The results of the audits will be communicated, at which time the University will be available to present both the conclusions and future steps”, heescht et an der Mail vum Uni-Pressebüro.

Doriwwer eraus stelle sech iwwerhaapt Froen iwwert d’Gouvernance am IAS. Notamment wéinst der Emma Schymanski hirer aktueller Presenz am Conseil Scientifique. Deem seng intern Reegele vum IAS soen nämlech, datt Memberen, déi ewéi d’Emma Schminansky als “Fellows” eragewielt a vum Recteur nominéiert ginn, do e Mandat vun zwee Joer hunn, dat net ka renouvelléiert ginn.

Hirem eegene Liewenslaf no, deen um Site Orcid publizéiert ass, war si allerdéngs scho vu September 2020 bis September 2022 Member am Conseil Scientifique vum IAS.
D’Roll vun deem Conseil Scientifique ass an den interne Reegelen ënnert anerem esou beschriwwen: “The Scientific Council meets at least once per year and its role is to: rank the Audacity and Young Academics projects and recommend projects for funding. The Head of IAS and the Vice-Rector for Research submit the selection to the Rector for final funding decision.” Déi endgülteg Decisioun, wie Sue kritt, läit deemno beim Recteur.

D’Emma Schymanski an den IAS-Chef Claus Vögele gehéiere selwer zum enke Krees ronderëm de Recteur Jens Kreisel. Si sinn zwee vun aacht “Special Advisors” aus verschiddenen Disziplinnen, déi de Recteur ronderëm sech huet.

Back to Top
CIM LOGO