
D’Regierung wäert zu dësem Ament keng Stoltripartite aberuffen. Den Aarbechtsminister Marc Spautz sot eis, et géif den Ament keng Noutwendegkeet duerfir an den An vun der Regierung. Vill méi sollten d’Gespréicher tëscht de Sozialpartner also der Direktioun vum Stolkonzern, de Gewerkschaften an de Vertrieder vum Staat, wéi gewinnt, um Niveau vum Aarbechtsgrupp fir den Accord Lux2030 weiderlafen.
Sollt een do net viru kommen, da géifen hie selwer an de Wirtschaftsminister Lex Delles sech aschalten an hir Verantwortung iwwerhuelen. D’Regierung ass natierlech kloer dogéint, datt Aarbechtsplaze vu Lëtzebuerg a Polen an an Indien delokaliséiert ginn, esou de Marc Spautz. Dat hat de Premier Luc Frieden dem Aditya Mittal och esou zu Davos um Weltwirtschaftsforum matgedeelt, wéi et an engem Regierungscommuniqué den Owend heescht.
Den Aussoe vun ArcelorMittal Lëtzebuerg no, wier den Ament eng Etude amgaang fir ze kucken, wéi ee Prozesser rationaliséiere kéint. Nom europäesche Betribsrot d’lescht Woch goung rieds vun 1.150 Plazen. Dat wier een Drëttel vum ganzen Effectif.