
Wärend dem Sträit hat ee vun deenen zwee e Messer gezunn an deen anere blesséiert. Duerno war hie fortgelaf.
Zeie vum Sträit haten d’Police geruff. D’Affer huet missen en Urgence operéiert ginn, ass antëscht awer ausser Liewensgefor.
D’Police huet de presuméierten Täter am Laf vum Méindeg ermëttelt. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a soll en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter kommen.