Feier zu BeefortE Méindeg géint 20 Auer hat den Daach vun engem Eefamilljenhaus gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, huet sech erausgestallt, dass d'Feier sech duerch d'Isolatioun vum Daach ausgebreet hat.
© Domingos Oliveira

D’Awunner si bei den Noperen ënnerdaach komm.
Déi lokal Pompjeeë goufe vun hire Kolleege vun Iechternach, Konsdref a Waldbëlleg ënnerstëtzt. Blesséierter gouf et net.

Zu Beefort huet e Méindeg den Daach vun engem Haus gebrannt
Et blouf beim Materialschued.

Accident

Géint 18.50 Auer gouf et ee Blesséierte bei engem Accident tëscht Schuller a Käerjeng. Zwee Autoe waren hei aneneegerannt. D’Ambulanz vu Péiteng an d’Pompjeeë vun Dippech waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO