Fir méi VerkéierssécherheetE Méindeg gouf verstäerkt bei de Schoule kontrolléiert

RTL Lëtzebuerg
Ze séier ënnerwee, de Sécherheetsgurt net un oder um Trottoir geparkt: 14 Mol gouf géint de Code de la Route verstouss.
© RTL-Archiv

Bei verschiddene Spillschoulen an écoles fondamentales huet d'Police e Méindeg de Moie Verkéierskontrollen am Osten an am Zentrum vum Land duerchgefouert. Dat zu Réimech, Stadbriedemes, Conter, Gréiwemaacher, Miersch, Luerenzweiler, Steesel a Buerglënster.

D'Beamten hunn de Fokus op d'allgemeng Verkéierssécherheet geluecht a virun allem gekuckt, ob d'Leit an den Autoen de Gurt unhaten, d'Kanner richteg transportéiert goufen, sech un déi erlaabte Vitess gehale gouf an d'Autoen op der richteger Plaz stationéiert goufen.

14 Mol gouf sech net un de Code de la Route gehalen. 3 avertissements taxés an Héicht vun 49 Euro goufen et zum Beispill wéinst ze héijer Vitess, 4 avertissements taxés well Chaufferen hiert Gefier um Trottoir stationéiert haten an 2 Persounen hate kee Sécherheetsgurt un an hunn dowéinst missen 49 Euro bezuelen.

Weider Informatiounen iwwert d'Verkéierssécherheet a preventiv Rotschléi vun der Police fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO