Serie "Dat sinn Ech" - Caroline Schambourg"Trisomie 21 ass net ëmmer einfach, well ee just op säin Handicap reduzéiert gëtt"

Julie Thilges
Am Kader vun der RTL-Serie "Dat sinn Ech" erziele mir d'Geschichte vu Leit, déi mat enger Beanträchtegung liewen, weisen op d'Erausfuerderungen hin, mat deene si konfrontéiert sinn a weisen hiren Entschloss, all Dag ze meeschteren.  
D'Caroline Schambourg engagéiert sech Aktiv an der Trisomie 21 A.S.B.L.
Am Kader vun der RTL-Serie "Dat sinn Ech" erziele mir d'Geschichte vu Leit, déi mat enger Beanträchtegung liewen.

D'Caroline Schambourg ass 30 Joer al, wunnt an enger Inklusiv-WG, mécht Sport, schafft bei der APEMH an enger Kichen an ass aktive Member an der Trisomie 21 A.S.B.L.

Zanter 2012 schafft d'Caroline zu Housen bei der APEMH. An den éischten dräi Joer huet si am Stage verschidden Atelieren ausprobéiert, bis si sech fir d'Kichen entscheet huet, wou si elo schonn zanter 10 Joer schafft.

An der Kiche ginn et verschidde Statiounen, wou d'Leit kënne schaffen, an hire Präferenzen a Kompetenzen no agesat ginn. All Dag preparéiere si 900 Platen, de Gros ass fir Maison Relaisen a Repas sur roues geduecht, en Deels ass awer och fir hir eege Kantin. Um ganze Site schaffen 180 Leit, dorënner si Persoune mat enger kognitiver Beanträchtegung, ewéi och Leit, déi si encadréieren.

Am Lycée huet d'Caroline e Stage an enger Pâtisserie gemaach bei Leit vun der Famill, do gouf sech Zäit fir si geholl, dass si alles kéint an hirem Rhythmus léieren a maachen. Um regulären Aarbechtsmarché war d'Realitéit awer eng aner, obschonns d'Caroline fir villes d'Kompetenzen hätt. Et wier schwéier, e Patron ze fannen, deen eng Persoun mat Handicap wéilt astellen, seet si.

"Trisomie 21 ass net ëmmer einfach, well ee just op säin Handicap reduzéiert gëtt", seet d’Caroline. "Ganz oft gesinn d'Leit, déi mech net kennen, fir d'éischt mäin Handicap, ier se mech gesinn."

Duerch hir Erfarung mam regulären Aarbechtsmarché hat si deemools decidéiert, bei d'APEMH am Park Housen ze goen; do ka si an hirem eegene Rhythmus schaffen an d'Ambiance huet hir vun Ufank u gutt gefall.

Goldmedail am Riseslalom: "Ech war mega stolz op meng Leeschtung"

Zanter dass si 16 Joer huet, ass d'Caroline beim Training fir d'Special Olympics dobäi, si war awer ëmmer scho sportlech an ass schonn als Kand an de Vakanze mat hirer Famill wandere gaangen.

D'Caroline ass Athletin bei de Special Olympics. Dräimol d'Woch geet si op den Training fir Schwammen, Turnen, a Stockschéissen. De Generaltraining gëtt vum Romy Bertemes zu Ettelbréck an der Schoul Sainte-Anne gehalen, wou och Schüler aus der Schoul benevole hëllefen.

Bei der leschter Editioun vun de Wanterspiller vun de Special Olympics hat d'Caroline d'Goldmedail an hirer Klass am Riseslalom gewonnen: "Ech war megas stolz op meng Leeschtung. An ech war frou, dass de Grand-Duc Guillaume och do war an eis ënnerstëtzt huet."

Aktive Member bei der "Trisomie 21 ASBL"

Nieft dem Sport ass d'Caroline Schambourg och aktive Member bei der "Trisomie 21 ASBL":

"D'Trisomie 21 ASBL mécht vill Aktivitéite mat eis. Mir gi Concerte lauschteren, mir maache City Trips a mir ginn an de Kino."

Eemol de Mount gëtt d’Stuff21 organiséiert: "Ech gi mega gär dohin. Mir iessen a mir kachen zesummen a mir schwätzen iwwer villes a mir maache Spiller."

D'Caroline wier ëmmer gär bei den Aktivitéite vun der ASBL mat dobäi, well do anerer sinn, déi och eng Trisomie 21 hunn.

Well et e visibelen Handicap wier, géingen d'Leit net ëmmer d'Persoun selwer gesinn, mee just d'Beanträchtegung. Dobäi sinn '’Leit mat enger Trisomie 21 ganz individuell a sollten och esou gesi ginn: "Am Allgemenge misste '’Leit alleguer méi Respekt hunn", bréngt d'Caroline et op de Punkt.

Back to Top
CIM LOGO