
Zu Useldeng war e Méindeg den Owend géint 23.30 Auer an der Strooss Um Reebou een Abroch gemellt ginn, bei deem sech d’Täter Zougang zu der Wunneng verschaaft an dës duerchsicht haten.
E puer Stonne méi fréi ware géint 21.00 Auer an der Wiewerbach-Strooss zu Sandweiler dann nach zwou Persounen ënnerwee, déi probéiert haten, an ee Méifamilljenhaus anzebriechen. Wéi si d’Fënster beschiedegt hunn, gouf den Alarm ausgeléist a si hu sech duerch d’Bascht gemaach.