Eng Rei AccidenterE Mëttwoch den Owend war de Samu direkt dräi Mol am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS eng Partie Accidenter vun e Mëttwoch den Owend. De Samu war direkt dräi Mol am Asaz.
© RTL-Archiv

An der neier Avenue an der Stad gouf géint 17.20 Auer e Foussgänger ugestouss a blesséiert. E Samu huet sech mussen ëm déi blesséiert Persoun këmmeren an och eng Ambulanz war sur place. Tëscht Kielen a Koplescht hat sech géint 18.25 Auer um CR103 en Auto iwwerschloen. Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert. Nieft engem Samu waren och nach zwou Ambulanzen op der Plaz.

Op der Polvermillen krute sech ëm ongeféier déi nämmlecht Zäit um Boulevard G. Patton zwee Autoen ze paken. Do ass eng Persoun verwonnt ginn an och hei war de Samu am Asaz.

Géint 18.45 Auer gouf et dunn och nach ee Blesséierten zu Beetebuerg, nodeems sech hei en Auto iwwerschloen hat.

Back to Top
CIM LOGO