
"Natierlech ass et dem Patron fräigestallt fir méi ze ginn, wéi dat wat elo am Gesetz virgesinn ass“, esou den Dan Kersch am RTL-Interview.
Den LSAP-Aarbechtsminister reagéiert domadder op d’Kritik vum Patron vun der Baufirma Stugalux. De Joel Schons hat en Donneschdeg hei op der Antenn gesot, et wier ongerecht, datt Leit am Krankeschäi 100% vum Salaire bezuelt kréien an d’Leit am Chômage partiel awer just 80%. Béid missten d’selwecht behandelt ginn.
Wann de Patron vu Stugalux Gerechtegkeet wéilt, da kéint hien déi Beträg och “aus senger eegener Täsch dann opstocken“. Den Dan Kersch erënnert un d‘“aussergewéinlech Mesure“ déi de Chômage partiel ass. Dëse gouf wéinst der Coronakris "quasi flächendeckend" erweidert. De Staat géing quasi d’Integralitéit vun de Lounkäschten iwwerhuelen.
D’Regierung huet och en Accord mam Patronat a mat de Gewerkschaften, dee virgesäit, datt d’Beträg, déi de Fonds pour l’emploi ausbezilt an d’Luucht ze schrauwen.
Kee kritt manner wéi de Mindestloun, mee den Dan Kersch seet: "Et kann net jiddwereen zu 100% indemniséiert ginn, dat packe mer net".
Och d’Demande vu Stugalux fir mi kleng Chantieren rëm opzemaachen, gëtt vum Dan Kersch verworf. De Minister verweist op Widderspréch ënnert de Patronen, well de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun virun 2 Wochen op RTL sot ,datt wann et e Lockdown gëtt, am Beschten och alles zougemaach gëtt.
“Et musse een eng Linn hunn, an deem wat ee mécht, d’Regierung, déi huet eng ganz kloer Linn“, sou den Dan Kersch. Et géing net drëms goen, Suen ze verdéngen, mee Liewen ze retten.
Fir d’Relance vun der Ekonomie no der Kris z‘organiséieren kënnegt den Dan Kersch eng „national Tripartite“ un. Mee och hei ass et scho ganz kloer „Niet“ wat déi aner Propos vum Chef vu Stugalux ugeet: un der maximaler Wochenaarbechtszäit géing näischt geännert ginn: „Mat mir als Aarbechtsminister gëtt mat Sécherheet net do dru gefréckelt“. Iwwert de Congé collectif, doriwwer ka par konter diskutéiert ginn, präziséiert hien.
