MeteoE Samschdeg den Owend ass Schluss mam Reen

Sandy Schmit
E Samschdeg de Moien huet den Himmel seng Schleisen opgemaach a kräfteg Schaueren sinn iwwert dem Grand-Duché erofgaangen.
© Pixabay

De Reendéif, deen e Samschdeg iwwer Lëtzebuerg gezunn ass, wäert sech um Owend nees an Direktioun Oste verzéien a mécht engem kräftegen Héichdrockgebitt Plaz, dat sech de Moment iwwer Groussbritannien an der Nordsee opbaut.

RTL NEWS: Interclub Championnater an der Liichtathletik wéinst dem Reen ofgesot De Samschdeg bleift awer en naassen Dag mat an der Haaptsaach ganz kräftege Schaueren, dat bei Temperaturen tëscht 6 a maximalen 10 Grad.

Am Nomëtteg soll sech de Reen dann nees e bësse berouegen, mat no an no just nach klenge Schaueren. Dotëscht kann d'Sonn fir e kuerze Moment duerchsetzen, ma vereenzelt si lokal Donnerwieder net auszeschléissen.

An der Nuecht lackere sech Wolleken dann awer séier op an et bleift dréchen, bei Déiftswäerter tëscht 4 an 0 Grad. Am Éislek sinn och -2 Grad méiglech.

Aussiichten op e Sonndeg an d'Woch

Um Sonndeg weise sech vereenzelt nach e puer Wolleken, et bleift awer sonneg an dréchen, bei 11 bis 15 Grad.

De Méindeg erwaart eis vill Sonn, och wann et nach frësch bleift bei maximale 15 Grad. En Dënschdeg klammen d'Temperature liicht mat e puer Wolleken a vill Sonn an esou soll et och sécher nach bis e Mëttwoch bleiwen.

METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder? Hei all d'Infoen an de Bléck vun eise Panorama-Kameraen.
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.
TRAFIC: Aktuell Informatiounen.
TRAFIC: Cita-Kameraen A1.
TRAFIC: Cita-Kameraen A3.
TRAFIC: Cita-Kameraen A4.
TRAFIC: Cita-Kameraen A6.
TRAFIC: Cita-Kameraen A7.
TRAFIC: Cita-Kameraen A13.
INFOEN? Gitt Trafic-Reporter.

Back to Top
CIM LOGO