Belair, Bouneweg an ZéissengE Samschdeg den Owend gouf nees op e puer Plaze ronderëm d’Stad agebrach

RTL Lëtzebuerg
An engem Fall konnt d'Police de presuméierten Abriecher nach am Haus pëtzen. Hien ass elo an Untersuchungshaft.

Betraff ënnert anerem een Eefamilljenhaus um Belair, wou d’Abriecher géint 18.30 Auer iwwert eng Fënster am éischte Stack an d’Gebai koumen an dee ganze Stack duerchwullt hunn.

An och zu Zéisseng sinn d’Abriecher iwwert eng Fënster op der Récksäit vum Haus erakomm. D’Fënster gouf opgehiewelt an den Abroch gouf der Police géint 23 Auer gemellt.

Zu Bouneweg war den Täter iwwerdeems nach am Haus, wéi d’Police ukoum. Eng Fra hat d’Police géint 21 Auer geruff. Wou d’Beamten op der Plaz waren a sech als Poliziste bemierkbar gemaach hunn, huet sech den Abriecher dunn och net weider widdersat an huet sech de Beamte gestallt. Si hunn hien du mat op de Policebüro geholl. De Mann gouf op Uerder vum Parquet verhaft an e koum op Suessem an d’Untersuchungshaft.

An allen dräi Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz. Wéi ee sech am beschte géint Abréch schütze kann, dat gitt Dir hei gewuer.

Back to Top
CIM LOGO