Verschidde Flich annuléiertE Streik bei der Lufthansa an e Streik bei de Fluglotsen an Italien hu Repercussiounen op Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem Flich vun an op München, Frankfurt, Mailand a Pescara goufen ofgesot.
© AFP

Bis 22 Auer e Freideg den Owend gëtt bei der Lufthansa gestreikt. D’Kabinne-Personal soll d’Aarbecht néierleeën, well d’Tarifverhandlungen ëm besser Aarbechtsconditiounen nach ëmmer net viru kommen. Honnerte Flich goufen dofir schonn annuléiert. An der Haaptsaach Start a Landungen zu Frankfurt a München, awer och Köln-Bonn, Düsseldorf oder Berlin.

Bei der Lufthansa schaffen ëmmerhi ronn 20.000 Leit als Stewardess oder Steward.

Och Lëtzebuerg betraff

De Vol vu Lëtzebuerg op Frankfurt, deen e Freideg de Moie fir 8.20 Auer geplangt war, gouf annuléiert, grad ewéi déi vun 9.40 Auer a16.45 Auer op München.
De Vol, deen um 9.05 Auer vu München aus hei zu Lëtzebuerg sollt landen, ass och net ukomm. Och dee vu 16.10 Auer ass schonn annuléiert.

Och de Streik an Italien huet Repercussiounen op de Fluchplang vu Lëtzebuerg. Sou ass zum Beispill de Vol vun 12.20 op Pescara annuléiert ginn, genee wéi dee vu 14.40 Auer op Milan-Linate.

Back to Top
CIM LOGO