Wärend d'Championnat an der Bundesliga an an der Ligue 1 schonn eriwwer ass, stoung an England, Spuenien an an Italien réischt dëse Weekend de leschte Spilldag um Programm.
An der Premier League war et virun allem nach spannend an der Fro, wien den drëtten Ofsteiger gëtt. Trotz enger 3:0-Victoire géint Leeds geet et fir West Ham erof an d'Championship. Dat well sech Tottenham parallel mat engem 1:0 géint Everton gerett huet. Donieft stinn elo och mam Champion Arsenal, ManCity, ManUnited, Aston Villa a Liverpool déi fënnef Champions-League-Participante fest. Fir Bournemouth a Sunderland geet et an d'Europa League a fir Brighton an d'Conference League.
An der Serie A ginn déi lescht Matcher vun der Saison ëm 20:45 Auer ugepaff an ëm 21:00 Auer steet mat Villarreal géint Atlético Madrid de leschte Match an der spuenescher La Liga um Programm.
Tottenham - Everton 1:0
1:0 Palhinha (43')
West Ham - Leeds 3:0
1:0 Taty (67'), 2:0 Bowen (79'), 3:0 Wilson (90+4')
Manchester City - Aston Villa 1:2
1:0 Semenyo (23'), 1:1 Watkins (47'), 1:2 Watkins (61')
Liverpool - Brentford 1:1
1:0 Jones (58'), 1:1 Schade (64')
Palace - Arsenal 1:2
0:1 Jesus (42'), 0:2 Madueke (48'), 1:2 Mateta (89')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Neapel - Udinese (18:15 Auer)
Cremonese - Como (20:45 Auer)
Lecce - Genua (20:45 Auer)
AC Mailand - Cagliari (20:45 Auer)
FC Turin - Juventus (20:45 Auer)
Hellas - AS Roum (20:45 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Villarreal - Atlético Madrid (21:00 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga