Fra mam Kabel vum Fön gedrosselt"Ech wosst mer net anescht ze hëllefen"

Anne Wolff
Firwat huet e jonke Mann seng Bekannte fir d'éischt mat engem Fönkabel gedrosselt* an dono erstach? Déi Fro huet d'Stater Geriicht um Mëttwoch beschäftegt.
Fra mam Fönkabel gedrosselt: "Ech wosst mer net anescht ze hëllefen"
Firwat huet e jonke Mann seng Bekannten als éischt mat engem Fönkabel erdrosselt an duerno erstach? Déi Fro huet d’Stater Geriicht um Mëttwoch beschäftegt.

Dem 36 Joer ale Mann gëtt Mord oder ersatzweis Doudschlag reprochéiert.

Den Doud vum Affer den 12. Mee 2023 war d’Endresultat vun enger schwiereger Relatioun tëscht dem deemools 34 Joer alen Täter S. an der 63 Joer aler Madamm G. Ëmmer nees hätt d’Fra de jonke Mann schro beleidegt, deen hir reegelméisseg am Haushalt gehollef huet.

2. Dag Mordprozess Fra mam Fönkabel gedrosselt / Reportage Anne Wolff

“Si huet mech virun der Bréifboîte schlofe gelooss, an ech hunn hir ëmmer verzeit”, dat sot de jonke Mann am schwaarzen Hoodie um Mëttwoch de Mëtteg viru Geriicht. Hie schwätzt lues an äntwert relativ eesilbeg. Och nodeems d’Riichterin e puer Mol freet, firwat e sech déi Behandlung gefale gelooss huet, kann de Mann net dorop äntweren. D’Affer hätt him ëmmer nees Sue versprach, wann hien hir géif hëllefen, dat awer ni agehalen. Ma hien hätt soss kee gehat, wann en nees Sträit mat sengem Papp hat.

“Et waren am Fong meng eenzeg Kolleegen”, seet en, och wann d’Affer, hir Duechter an de Frënd hien hätte wëllen iwwerrieden, mat Crack ze fëmmen. Reegelméisseg hu si awer wuel zesummen Alkohol consomméiert a staark Medikamenter. Dofir hätt een en Hausdokter kontaktéiert: “Dann huet een einfach ugeruff, wat ee brauch, an da kënnt dat”, erkläert de Mann.

Ugekloten: “Et ass, wéi wann ech explodéiert wier”

En Enquêteur zeechent d’Bild vun de Stonne virun der Dot, wéi den Ugekloten et an der Auditioun zu Protokoll ginn huet.

Den 11. Mee 2023 wier et ewell zu Tensioune komm, wéi d’Duechter vum Affer an hire Partner op Bouneweg op Besuch komm sinn. D’Affer an déi zwee Visiteuren hätten an der Kiche Crack gefëmmt, ma de spéideren Täter hätt missen am Salon waarden.

Duerno, wéi d’Duechter an hire Frënd fort waren, wier d’Affer immens aggressiv ginn, a wier dem S. mam Kichemesser nogelaf, dat duerno sollt d’Tatwaff ginn. Dee Moment hätte sech senger Ausso no och d’Nopere beschwéiert, wéi schonn esou dacks.

Genee dat gëtt awer vum Geriicht am Prozess ugezweiwelt: Kee vun den Noperen hätt an der Nuecht vum 11. op den 12. Mee 2023 Kaméidi héieren, obwuel se soss dacks d’Police geruff hunn. Domat wier d’Fro, ob dee Sträit wierklech esou schlëmm gewiescht wier, an d’Dot geplangt war, also e Mord. Den Täter bleift awer bei senger Versioun, dass him de Colis geplatzt wier, well d’Affer him wéi schonn esou dacks virgeworf hätt, seng Mamm wier wéinst him gestuerwen a si wier “gutt vreckt”.

Den Täter wier dunn eegener Ausso no de Fön an d’Buedzëmmer siche gaangen : Den Zäitpunkt vum Doud vun der Madamm G. gouf vun der Geriichtsmedezin op den 12. Mee 2023 tëscht 00h30 a 14h30 geschat.

Firwat hien dunn deen Dag net aus der Situatioun erausgaangen ass, weess de Mann net. D’Affer hätt d’Entréesdier zougespaart an de Schlëssel an de Slip gestach. D’Presidentin freet, firwat en hir de Schlëssel dann net ofgeholl hätt, an amplaz op déi Iddi mam Fön komm wier.

“Ech weess et net”, äntwert deen a kuckt säin Affekot. “Et ass mir einfach duergaangen”, an “ech wosst mir net anescht ze hëllefen”. Schlussendlech: “De Kabel war laang”.

An den Auditiounen hat de Mann uginn, en hätt eng 3 Minutte mam Kabel zougezunn. “Si sollt einfach roueg sinn”, erzielt e viru Geriicht. En hätt duerno nom Bols gefillt. Och wann e kee fonnt hätt, hätt hien e gutt 20-25 laangt Kichemesser geholl, dat nieft him um Dësch louch. “Et ass, wéi wann ech explodéiert wier”. Dat Messer huet hien der Madamm G. bis zum Uschlag d’Broscht gestach. Firwat, kann den Täter viru Geriicht net erklären.

Hien hätt d’Fra duerno vum Living an d’Schlofzëmmer gezunn a mat Decken zougedeckt, fir d’Affer net mussen ze gesinn. De Fön, den Handy vum Affer an d’Kreditkaart huet en agepaakt, éier en d’Wunneng verlooss huet. Fir d’Riichterin eng iwwerluechte Reaktioun, ma och hei bleift den Ugekloten eng kloer Äntwert schëlleg. Den Affekot vum Ugekloten, de Me. Daniel Baulisch reagéiert am Interview op d’Froe vu Parquet a Presidentin. Hie fäert, d’Geriicht wéilt de Mord zeréckhalen. Dat wier senger Aschätzung no awer net ginn.

Papp alarméiert d’Police

De jonke Mann gesteet sengem Papp, seng Bekannten ëmbruecht ze hunn, dat seet dee bei der Police aus. Säi Bouf hätt hie gefrot, him ze hëllefen, d’Läich verschwannen ze loossen, ma dee rifft d’Police, an déi huelen den S. schliisslech mat op d’Kommissariat.

Iwwert déi schwiereg Relatioun tëscht sengem Bouf an dem Affer wier hien net am Detail informéiert gewiescht, ma et hätt kéinte sinn, dass hien nom Doud vu senger Mamm eng Ersatzmamm an der Madamm G. gesicht hätt.

Déi wier selwer eng Zäitche virdrun an eng Depressioun gerëtscht an hätt vill Alkohol a verschidde Medikamenter consomméiert. Ausléiser dofir wier d’Bezéiung zu hirem zweete Mann, deem si eng Rëtsch Procuratiounen am Zesummenhank mat hirer Agence Immobilière ënnerschriwwen hat. Deen hätt domat Abus bedriwwen.

Täter rutscht nom Doud vun der Mamm of

Verschidden Zeie soe virun der Police aus, den Täter wier nom Doud vu senger Mamm 2021 an eng Depressioun gerutscht. De Papp erkläert, virdru wier säi Bouf e gudde Coiffeur gewiescht, hätt als Serveur bei engem Bäcker a bei engem Metzler geschafft. Schonn wärend der Krankheet vun der Mamm hätt de spéideren Täter ugefaangen, ëmmer méi Alkohol ze drénken a wier no hirem Doud guer net méi schaffe gaangen.

Eng aner Zeie beschreift den S. als eng ganz fei Persoun, déi kenger Méck eppes kéint zuleeds doen, ma den Alkohol hätt de jonke Mann verännert.

*A fréieren Artikelen an an enger éischter Versioun vun dësem Artikel hate mir geschriwwen, datt d’Fra mam Fönkabel “erdrosselt” gouf. Wéi mir vun der Riichterin awer preziséiert kruten, wier déi richteg juristesch Terminologie an dësem Fall awer “gedrosselt”. Dëst well d’Fra net doru gestuerwe wier. Den Terme “drosselen” an dësem Sënn gëtt et och an der däitscher Sprooch.

Back to Top
CIM LOGO