Naass a glat StroossenEe Blesséierte bei Accident tëscht Gonnereng an dem Waldhaff

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 9 Auer krute sech op der N11 dräi Gefierer ze paken, wuel well do d'Stroosseverhältnisser net ideal waren.
© Domingos Oliveira / RTL

Éischten Informatiounen no ass ee vun de Ween op d’Géigespuer geroden, krut nach ee Bam ze paken an ass um Enn am Rampli gelant. De CGDIS huet duerno confirméiert, datt et beim Accident ee Blesséierte gouf. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vu Jonglënster waren op der Onglécksplaz.

De CGDIS huet dann nach ee weideren Asaz mat engem Blesséierte gemellt. En Dënschdeg de Moie kuerz no siwen Auer gouf op der Eecher Plaz an der Stad eng Persoun vum Auto ugestouss. D’Pompjeeën, d’Ambulanz an och de Samu waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO