
Dobäi ass am Ofschoss-Plang virgesinn, datt an deem Naturschutzgebitt bis 2024 56 Schwäin solle geschoss ginn.
Et ass wéinst de ville Waasserflächen an de ville Leit, déi den Haff Réimech frequentéieren, datt wéinst Sécherheets-Risiken nach keng Juegd organiséiert gouf.
Och eng Ufro fir eng “administrativ Juegd” z’organiséieren, déi d’Gemeng Schengen gestallt hat, ass net autoriséiert ginn.
Et géif awer no Léisunge gesicht, sou d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen.
Well net am Juegdlous gejot gëtt, chiffréiert sech de Wëldschued eleng fir d’lescht Juegdsaison op ronn 1.700 Euro, fir déi de Staat als Piechter opkënnt.