CGDISEe Verwonnte bei Feier zu Diddeleng a Feldbrand zu Biwer mat dräi Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, hat et e Mëttwoch den Owend direkt zwee Mol gebrannt.
© Domingos Oliveira / RTL

Géint 17 Auer hat zu Biwer am Neie Wee e Feld gebrannt. Detailer ginn et net, mä déi lokal Pompjeeë goufe vun hire Kolleege vu Mäertert, Menster, Fluessweiler a Manternach ënnerstëtzt. Dräi Persoune goufen hei verwonnt.

Géint 19.50 Auer war et dann nach e Feier an engem Appartementshaus an der Rue de la Vallée zu Diddeleng. Hei mellt den 112 ee Blesséierten. D’Pompjeeën aus der ganzer Ëmgéigend a souguer aus der Stad ware fir d’Läschaarbechten ugeréckt.

Back to Top
CIM LOGO