Zu LëtzebuergEe vu fënnef Awunner riskéiert, an d'Aarmut ze rutschen

RTL Lëtzebuerg
Am räiche Lëtzebuerg bleift de Risk, an d'Aarmut ze rëtschen, héich a chiffréiert sech zejoert op 18,1 Prozent. 2023 louch deen Taux bei 18,8 Prozent.

Deemno ass all fënneften Awunner mam Risk vun Aarmut konfrontéiert, esou schreift et de Statec e Mëttwoch. D’Moyenne vum Liewensniveau fir e Stot louch zejoert bei ronn 4.870 Euro de Mount op de Kapp. Dëst ass de Revenu vum Stot, wou d’Steieren ofgerechent goufen.

Den Aarmutsrisk vu Kanner bleift iwwerdeem héich am Grand-Duché, sou datt de Statec dervun ausgeet, datt ee Kand op véier dovunner menacéiert ass (24 Prozent). Dës Kanner liewen a Stéit, wou d’Moyenne vum “Niveau de vie” ënner 2.540 Euro de Mount op de Kapp ass.

Nieft dem Risk vun Aarmut bleift och d’Inequalitéit tëscht de Paie bestoen: esou hunn déi 20 Prozent räichst Leit am Land e Liewensniveau, dee bal fënnefmol iwwert deem läit vun den 20 Prozent vun de Leit, déi am mannste verdéngen.

Back to Top
CIM LOGO