18 Joer ale Mann zu Bouneweg erstachEe vun den 2 presuméierten Täter nees fräi, Justizministesch bedauert dat

RTL Lëtzebuerg
Am Januar war zu Bouneweg en 18 Joer ale Mann erstach ginn.
Déidlech Messerpickerei: Een Täter nees fräi
Zwee Mannerjäreger waren deemools festgeholl an an der Unisec, der Sécherheetsunitéit fir Jonker, zu Dräibuer ënnerbruecht ginn.

Zwee Mannerjäreger waren deemools festgeholl an an der Unisec, der Sécherheetsunitéit fir Jonker, zu Dräibuer ënnerbruecht ginn.

Entretemps ass awer ee vun hinnen nees fräigelooss ginn, dat well hien 18 Joer krut an also groussjäreg ass. Déi Informatioun hunn de Mëttwoch de Moien d'Justizministesch Sam Tanson an de Procureur d'Etat adjoint David Lentz der zoustänneger Chamberkommissioun confirméiert.

Alle béid stoungen op Ufro vun der CSV an där Kommissioun Ried an Äntwert. Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar bedauert déi Fräiloossung staark.

De Laurent Mosar

"Well mer dat net glécklech fannen, datt en Täter, dee wéinst homicide volontaire ugeklot gëtt, elo sou op fräie Fouss gesat gëtt. Dat ass iwwregens och net gutt fir hie selwer. D'Justizministesch an den Här Lentz bedaueren déi Situatioun genee sou wéi mir, ma si soen, datt d'Gesetz do net kloer wier an datt si quasi forcéiert wieren, e Mannerjäregen, dee grouss géing ginn, op fräie Fouss ze setzen."

Op politeschem Niveau ass Rieds vun enger Lacune am Gesetz, déi d'Justizministesch Sam Tanson wëll behiewen.

Sam Tanson bedauert Fräiloossung / Reportage Pit Everling

Ech bedaueren déi Situatioun, sou kommentéiert d'Justizministesch Sam Tanson déi Fräiloossung am RTL-Interview.

"Et ass een Deel, wou e Lach am Text vun 1992 ass. Dat ass een, wou d'Instruktiounsphas nach net ofgeschloss ass, wou also dat Ganzt opgeschafft gëtt. Wann et nach net bei e Riichter renvoyéiert gouf, fir eng Decisioun um Fong ze huelen. Wann an där Phas de Mineur zum Majeur gëtt, da ka sou eng provisoresch Mesure net oprecht erhale ginn. Dat feelt eben am Text."

Am Moment gëtt jo un der Reform vum Jugendschutz a vum Jugendstrofrecht geschafft an, an deem Kader soll dëst ausgebessert ginn, sou d'Ministesch. Dat geet der CSV awer net duer, et sollt een direkt punktuell legiferéieren, hat den Deputéierte Laurent Mosar bei eis op der Antenn gefuerdert.
D'Ministesch Sam Tanson wëll net op de Wee goen.

"Fir de Fall, dee mer lo hei hunn, ass de Problem souwisou net méi ze behiewen. Dat ass ze spéit. Mir hunn eng ganz Rëtsch u Sujeten, déi mer mussen am Kader vun der Prozedur vun de Mineuren ugoen. An dat do ass ee vun de Punkten. Ech sinn net en faveur, fir lo een eenzele Punkt eraus ze picken."

Wat d'Agenda ugeet, sou wëll d'Justizministesch Sam Tanson de Volet Jugendstrofrecht dëst Joer nach op den Instanzewee wëll bréngen.

Schreiwes vum Parquet

Levée de la mesure qui a placé un des deux auteurs présumés de l'homicide volontaire du 26 janvier 2021
( 07.07.2021)

Suite à une altercation mortelle le 26 janvier 2021 à Bonnevoie, le parquet de Luxembourg avait immédiatement saisi le juge d'instruction de Luxembourg d'une instruction pour homicide volontaire.

Au cours de l'enquête deux mineurs âgés de 15, respectivement 17 ans avaient pu être interpellés. Les deux jeunes gens ont par après fait l'objet d'une mesure de garde provisoire à l'Unité de sécurité (UNISEC) suivant une décision du juge d'instruction de Luxembourg.

Fin mai 2021, le mineur âgé de 17 ans au moment des faits, a atteint l'âge de la majorité. De ce fait la mesure de garde provisoire est devenue caduque de par la loi.

En effet, et conformément à l'article 1er, alinéa 4, de la loi modifiée du 10 août 1992 relative à la protection de la jeunesse, les mesures provisoires ordonnées sur base de cette loi prennent fin de plein droit à la majorité de l'adolescent concerné.

Au vu de l'article 33 de la loi modifiée du 10 août 1992 relative à la protection de la jeunesse, un renvoi selon les formes et compétences ordinaires* peut uniquement être demandé après la clôture de l'instruction. Etant donné que l'instruction est toujours en cours, le Ministère Public n'a, à l'heure actuelle, pas d'autre choix que d'en attendre la clôture.

La mesure qui a placé le jeune de 17 ans à l'UNISEC a pris fin à l'issue du mois de mai 2021. Il a quitté l'UNISEC à cette date.

(*Procédure selon les formes et compétences ordinaires : c'est une procédure par laquelle le juge de la jeunesse, sur demande du parquet, peut autoriser le parquet à procéder à l'égard d'un mineur âgé de 16, respectivement 17 ans comme à l'égard d'un majeur devant les tribunaux répressifs ordinaires)

Back to Top
CIM LOGO