Coronavirus zu LëtzebuergEen Doudesaffer méi op elo 130, vu 7.347 Tester waren der 141 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun den Doudegen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, ëm eng Persoun op 130 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 31 Leit hospitaliséiert, 1 Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.192 aktiv Infektiounen. 8.038 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,170.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO