
De presuméierte Keefer gouf duerchsicht a bei him gouf eng Kugel Kokain fonnt.
Och de presuméierte Verkeefer gouf gestallt, dee wärend der Kontroll verdächteg Beweegunge mat sengem Mond gemaach huet. Net manner wéi 36 Kugele mat Drogen hat de Mann duerno erausgespaut.
Fir sécher ze goen, dass en net nach weider Bullen ofgeschléckt huet, gouf e Scanner vum Kierper gemaach, Hei goufen awer keng weider Droge fonnt. De Verdächtegen, deen och Boergeld bei sech hat, gouf verhaft.
Zu Hesper da gouf e Méindeg eng Persoun op frëscher Dot erwëscht. Bei hir goufen net manner wéi 838 Ecstasy-Pëllen an 117 Gramm Kokain saiséiert.