
Wéi d’Police op de soziale Medie matdeelt, huet d’Boot, dat aus Holland op Lëtzebuerg transportéiert gouf, antëscht seng éischt Kilometer op der Musel zeréckgeluecht.
Nieft Patrulle soll d’Boot ënner anerem och fir Eskorten, am Fall vu Spärungen oder bei groussen Evenementer an den Asaz kommen.