D’Opreegung war scho beim Opstellung vum Cortège hannert der Kierch grouss. «Ech sinn opgereegt, well ech kee Feeler wëll maachen», seet den 8 Joer ale Félix. Schliisslech géing jo jiddereen nokucken. Déi eng Eltere bleiwe ganz geloossen. Anerer soen awer, de Moie Méi gehat ze hunn, fir hire Klenge prett ze kréien. Vun iwwerall hir si fir den Dag haut d’Familljemember ugereest. «Et ass opreegend, ech sinn extra aus der Schwäiz heihinner komm», seet ee Mann, dee wéinst sengem Neveu do war.
D’Kanner sinn dunn um 10.15 Auer a Begleedung vun der Mierscher Musek an dem Schäfferot am Cortège an d’Kierch gezunn. D’Zuel vun 22 Kanner dëst Joer wier awer verhältnisméisseg wéineg, huet de Mierscher Paschtouer Félix Steichen ënnerstrach. An den nächsten 2 Joer géing nees mat ëm di 40 Kanner gerechent ginn. «Ech denken dës Zuel wäert sech ëm déi 30 apendelen», sou de Félix Steichen. Viru laange Joren wieren et der 70 bis 80 gewiescht.
D’Mass gouf gehalen ënnert der Iwwerschrëft: Vu Gott beschenkt. Seng Léift als Kaddo fir d’Kanner, erkläert de Paschtouer. Well dës an d’Frëndschaft vu Jesus awer net einfach ze verstoe wieren, hofft de Paschtouer, dass d’Kanner gespuert hunn, dass den Dag vun der Kommioun eppes Extraes wier. Dass et eng perséinlech Begéinung mam Härgott wier. «Awer, ech gesinn a kengem säin Häerz eran», sou de Félix Steichen. Trotzdeem huet hien d’Gefill, dass d’Kanner gemierkt hätten, dass et eppes ganz Extraes gewiescht wier, wat gefeiert ginn ass.
D’Kanner haut géinge generell dann och méi Froe stellen a méi Saachen hannerfroen, wéi dat dacks soss de Fall gewiescht wier. De Paschtouer ass dann och der Meenung, dass de Choix fir d’Kommioun ze maachen dëser Deeg, méi bewosst vun de Kanner, mat hiren Elteren zesummen, getraff géing ginn, wéi dat villäicht soss de Fall gewiescht wier.