Staarke Wand iwwer LëtzebuergEkippe vum CGDIS waren 18 mol am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Meteolux hat wéinst dem staarke Wand e Méindeg eng Alerte jaune erausginn.
© pixabay

E Méindeg am fréien Owend war d’Kalfront iwwert dem Land ukomm an de Wand huet zolidd geblosen, besonnesch op de Koppen an am Éislek. Et waren och eng ganz Partie Beem an d’Stroosse gefall. Dat ënner anerem tëscht Kruuchten a Colmer, op der Vugelsmillen, bei Kauneref an der Staumauer, tëscht Draufelt an Näidsen an tëscht dem Scheedgen a Lauterbuer.

D’Stad Lëtzebuerg hat d’Leit iwwerdeems dozou opgeruff, wéinst dem Wieder d’Parken an d’Bëscher ze evitéieren.
D’Ekippe vum CGDIS waren 18 mol gefuerdert. Derbäi koume 27 Interventioune vun de Ponts-et-Chaussées, fir Beem oder Äscht ewechzemaachen, déi an d’Stroosse gefall waren.

Back to Top
CIM LOGO