
Wéi RTL op Nofro vum Centre des technologies de l’information de l’Etat matgedeelt krut, konnten d’Leit vun e Mëttwoch Hallefnuecht un, bis en Donneschdeg de Mëtteg um 2 Auer keng Demarchen op MyGuichet.lu maachen, fir déi eng elektronesch Ënnerschrëft gefrot ass.
D’Problemer bei Luxtrust waren zwar schonn e Mëttwoch no véier Stonne behuewen. Et huet allerdéngs bis en Donneschdeg de Mëtteg gedauert, bis de CTIE déi néideg Ännerungen och um Internetportal vum Staat gemaach hat. Déi Responsabel ginn dovunner aus, datt et a Priori keng Relatioun gëtt tëscht dem Ofschafe vum Token op den 31. Dezember an der Pann e Mëttwoch. Zanter dem neie Joer muss ee sech jo online fir déi verschidden Demarchë connectéieren. Och Luxtrust huet eis op Nofro schrëftlech confirméiert, datt et kee Lien gëtt tëscht der Pann an dem Enn vum Token.