
D’Associatioun vun de Giischtercher seet sech en Dënschdeg de Moien an engem Schreiwes besuergt iwwer d’Situatioun an de Prisongen. D’Zuel un Aggressiounen, Iwwergrëffer a Menacë géing zouhuelen. Bannent enger Woch wiere véier Giischtercher aggresséiert ginn. Vill anerer géinge menacéiert oder beleedegt ginn an déi scho kritesch Situatioun géif sech verschlechteren.
Déi zoustänneg Autoritéite missten dréngend eppes ënnerhuelen, fir d’Sécherheet an d’Wuelbefanne vun den Agenten ze garantéieren, fuerdert d’Associatioun.
Liest dozou och nach: