8,2%Ëmmer méi Jonker hei am Land briechen hir Schoul of

RTL Lëtzebuerg
D'Unzuel vu Schoulofbriecher louch fir d'Schouljoer 2023/2024 bei 1.884 Jonken, déi keng Schoulflicht méi haten, also bei 8,2%.
© Pedro Venancio / RTL (Archiv)

Dat geet aus neien Zuelen ervir, déi den Educatiounsminister Claude Meisch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro liwwert.

Domadder läit en awer ënnert dem Zilwäert, deen d’Europäesch Kommissioun fir d’Schoulofbréch op ënner 9 % fixéiert huet. Eurostat no louch den europäeschen Duerchschnëtt am Joer 2023 awer bei 9,8 %.

Déi dräi meescht-genannte Grënn fir e Schoulofbroch bleiwen en neie schoulesche Projet, en neie beruffleche Projet, oder dass ee kee Léierbetrib fonnt huet.

Den nächste Rapport “Jeunes décrocheurs et jeunes inactifs au Luxembourg” iwwert d’Schouljoer
2023/2024 wäert ugangs Mee erauskommen.

Back to Top
CIM LOGO