Op engem vun dësen Trëppel-Weeër mam Numm “de roude Fuedem - Mam sëlwer-roude Rack” kann een och eng Konscht-Ausstellung bewonneren. Hei handelt et sech ëm Artisten, déi am Kader vun Esch 2022 verschidde Wierker ausgestallt hunn. Ëmmer nees kënnt et awer zu Vandalismus un dësen Objete bis hin zu Vol.
D’Mirka Costanzi an d’Tammy Reichling waren a sinn nach ëmmer responsabel vum Projet a ginn ëmmer nees informéiert, dass an de Bëscher vun Esch Vandalismus bedriwwe gëtt. Leider bleift et net bei engem Eenzelfall.
D’Verwittere vun dësen Objete war mat akalkuléiert, de Vandalismus awer net, dobäi gouf déi holze Spull mam roude Fuedem, déi de Wee weist, gläich e puer mol maltraitéiert, wat d’Organisateuren an d’Artisten natierlech traureg fannen. Fir Si ass et ëmmer nees e Schlag an d’Gesiicht , reegelméisseg treffe Si sech mam Fierschter Pol Zimmermann, fir Léisungen ze fannen. Et ass och fir de Pol Zimmermann schwéier nozevollzéien, firwat d’Leit esou eppes maachen.
Op enger anerer Plaz ware Banneren tëschent den Dännebeem opgehaange. Dës goufen einfach duerchgeschnidden. Et ass e Schued entstanen, deen net nëmmen optesch ze gesinn ass, mä och finanziell ze spieren ass, esou ewéi e weidert Konschtwierk, bei deem carrement Deeler geklaut goufen.
An do ass et den Organisateuren an den Artiste wichteg, déi beschiedegt Objeten ëmmer nees ze rafistoléieren, well Nohaltegkeet hei grouss geschriwwe gëtt. Video-Iwwerwaachung ass leider aus rechtleche Grënn ausgeschloss, et misst een d’Vandalen In flagranti erwëschen, esou de Pol Zimmermann. Villäicht kann dat jo hëllefen, leider dee leschten Auswee, wann de gesonde Mënscheverstand verschidde Leit heiansdo am Stach léisst.