Op eise StroossenEn alkoholiséierten an en drogéierte Chauffer vu Polizisten erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg respektiv an der Nuecht op e Mëttwoch ware Polizisten zwou Persounen opgefall, déi net méi capabel waren, hiren Auto ze steieren.

Ze déif an d’Glas gekuckt hat en Automobilist, deen am fréien Dënschdegowend um Viaduc vu Jonglënster ugehale gouf. Hie war de Polizisten opgefall, well hie Schlaangelinne gefuer war.

Och opfälleg war e Mann op enger Bensinnsstatioun um Sennengerbierg. Dësen hat staark no Cannabis geroch, wéi hie sech hannert d’Steierrad vu sengem Auto wollt setzen. D’Beamten haten also de Verdacht, datt hie rezent Drogen zou sech geholl hat, also hu si hei kontrolléiert. Den Drogentest op der Plaz war positiv verlaf an d’Beamte konnten eng kleng Quantitéit Cannabis sécherstellen. De Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO