AccidenterEn Auto goung an de Bam, e Motocyclist ass gefall

RTL Lëtzebuerg
En Automobilist war en Donneschdeg op der Streck tëscht Biissen a Miersch mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt.
© Klautjen

D'Secouriste vun Ettelbréck a Biissen waren am Asaz, fir sech ëm de Chauffeur ze këmmeren, dee liicht blesséiert gouf. Den Alkoholtest war positiv. De Chauffer gouf protokolléiert a krut säi Fürerschäin ofgeholl.

© Klautjen

Op der A1, Brëtell A1-A3 hat kuerz virun 19 Auer en Donneschdeg e Motocyclist am Stau d'Kontroll iwwer seng Maschinn verluer an ass gefall. Dobäi gouf hie liicht blesséiert. Éischten Erkenntnisser no war keen anert Gefier um Accident bedeelegt. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad.

En Donneschdeg den Owend gouf et dann op Uerder vum Procureur d'Etat Alkoholkontrollen. Tëscht Biwer a Waasserbëlleg. 195 Automobiliste goufe kontrolléiert. Zwee Chaufferen haten ze vill gedronk, keen huet awer op der Plaz mussen de Fürerschäin ofginn.

Am Lokale goufen e Freideg de Moien zwou Persounen an engem Autosaccident zu Zéisseng a Richtung Schléiwenhaff blesséiert. Zwee Autoe waren hei anenee gerannt.

Back to Top
CIM LOGO