
Méi wéi 1.000 Leit zu Lëtzebuerg ware vun enger weltwäiter Réckruffaktioun vum hollännesche Gesondheetstechnologie-Konzern Philips betraff. Wéi mir am November gemellt haten, goufen d’Patienten eréischt spéit informéiert, datt hir Maschinnen, déi zum Beispill bei Otem-Aussetzer am Schlof an den Asaz kommen, missten ersat ginn. Haut nach waarde vill Patienten drop, datt hir Apparater ersat ginn, huet de Gesondheetsdirekter Jean-Claude Schmit e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview confirméiert. Genee Zuelen huet d’Santé net.
“D’Santé kennt jo d’Patienten net fir sou Apparater, d’Santé kennt just d’Grossisten, déi esou Apparater importéieren a mir kennen dann och eventuell grouss Clienten, wéi Klinicken oder sou, déi sou Apparater akafen. An déi sinn informéiert ginn, effektiv duerch de Produzent, et ass d’Responsabilitéit vum Produzent. Déi ganz Réckruffaktioun ass extrem lues an dat ass bedauerlech, mee déi ass och net nëmme lues zu Lëtzebuerg, déi ass weltwäit lues. Et ass e weltwäite Problem an déi Firma, déi déi Apparater produzéiert, kënnt einfach net no, fir déi ze remplacéieren.”
Am November hat Philips eis géigeniwwer gesot, Zil wier bis Enn 2022 90% vun de Maschinne weltwäit z’ersetzen. Weder Philips selwer, nach d’Firma, déi d’Apparater zu Lëtzebuerg verkaf huet, konnten op Nofro soen, wéi vill där Maschinnen am Grand-Duché benotzt ginn, respektiv goufen. Och bei der Gesondheetskeess wosst een net, wéi vill Patiente betraff sinn. Déi meeschten Apparater schéngen iwwert d’Nordspidol verdeelt ginn ze sinn, am Ganzen 1.024. Hei hätte mëttlerweil en Drëttel vun de Patienten en neien Apparat kritt, heescht et vum CHdN.
An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Sven Clement schreift d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert nach, datt nach ëmmer keen Tëschefall zu Lëtzebuerg gemellt gouf wéinst engem Philips-Otemgerät, dee vun enger weltwäiter Réckruffaktioun betraff ass. D’Ministesch geet och nach ee mol am Detail dorop an, wéi den Informatiounsflux hei am Land gelaf ass a wéi bis ewell an Europa probéiert gouf, d’Ersetze vun den Apparater z’acceleréieren. Et wier um Fournisseur, d’Gesondheetsberuffler z’informéieren an un de Gesondheetsberuffler, de Suivi mat de Patienten ze maachen, heescht et hei.
RTL News: Retard bei Philips-Réckruff: Paulette Lenert: D’Kommunikatiounsprozedure kéinte verbessert ginn
RTL News: No weltwäitem Rappell vun Otemgeräter: Gesondheetsdirektioun hält sech bedeckt
RTL News: eltwäite Rappell: Réckruff vu Philips-Otemgeräter och zu Lëtzebuerg, iwwer 1.000 Leit betraff
RTL News: Invité vun der Redaktioun (11. Januar) - Dr Jean-Claude Schmit: Grippe-Pic war viru Chrëschtdag