
Et hätt Retarde ginn, well de Produzent wéinst der Envergure vum Rappell net an der Lag war, all d’Apparater z’ersetzen oder ze reparéieren. Op eis Nofro hin hat Philips uginn, datt bis Enn dës Joers 90 Prozent vun de Maschinne sollen ersat oder gefléckt gi weltwäit.
Eise Recherchen no goufe verschidde Leit zu Lëtzebuerg awer eréischt no annerhallwem Joer op méiglech Schied un hiren Apparater opmierksam gemaach. Vu Philips huet et geheescht, et hätt een d’Autoritéiten am Juni 2021 gewarnt, eng Iwwersiicht iwwert d’Envergure vum Rappell hätt een net, well d’Maschinne vun Distributeuren an anere Länner op Lëtzebuerg geliwwert goufen.
D’Ministesch confirméiert an hirer Äntwert, datt d’Direction de la Santé, méi genee d’Divisioun fir Pharmacie a Medikamenter, fir Réckruffaktiounen zoustänneg ass. Am RTL-Interview präziséiert d’Dr Anna Chioti, Cheffin vun deem Service bei der Gesondheetsdirektioun, datt eleng am Nordspidol CHdN 1.024 Persoune vum Réckruff betraff sinn. Ugangs leschter Woch hunn nach eng 760 Leit do drop gewaart, datt hir Apparater ersat ginn. Wéi vill Apparater concernéiert sinn, déi iwwert d’Robert-Schuman-Spideeler verdeelt goufen, wéisst een nach net. Et wier um Produzent, fir d’Maschinnen ze retracéieren, mee dat géing nëmme lues virugoen, dowéinst hätten notamment déi franséisch Autoritéiten och schonn Drock gemaach.
D’Dr Anna Chioti féiert et dann och dorop zréck, datt verschidde Patienten eréischt spéit gewarnt goufen zu Lëtzebuerg. D’Firma, déi d’Apparater hei am Land verdeelt huet, hätt laang gebraucht fir z’äntweren. Donieft wier een zu Lëtzebuerg net gutt opgestallt: et wieren 2 Leit do, fir de Suivi vun iwwer 1.000 Rapporten d’Joer ze geréieren. Dat géing et net erlaben, méi proaktiv ze schaffen. Et géing een den Ament awer rekrutéieren, fir d’Materiovigilance ze verstäerken.
D’Dr Chioti betount, datt bis ewell zu Lëtzebuerg keng Problemer wéinst de betraffene Philips-Otemgeräter gemellt goufen. Dowéinst wier decidéiert ginn, de Suivi vun der Réckruffaktioun ze maachen, awer keen Alarm ze schloen. De Produzent géing recommandéieren, datt d’Leit net sollen ophalen hir Apparater ze benotzen, iert si mat hirem Dokter geschwat hunn. Um Internetsite vun der Santé solle sou séier wéi méiglech Recommandatioune publizéiert ginn.
Wéi et an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro heescht, gëtt aktuell un engem Enregistrement vu medezineschen Dispositiver an den Distributeuren, déi dës zur Verfügung stellen geschafft. Méiglecherweis géing och eng Internetsäit mat enger deementspriechender Datebank opgebaut ginn, wou een dann all d’Alerten am Zesummenhang mat medezinesche Maschinnen erëmfanne kann.
D’Gesondheetsministesch wëll iwwerdeems bis Enn dës Joers en Avant-Projet mat Amendementer fir de Gesetzesprojet, fir d’Schafe vun enger nationaler Medikamentenagence an de Regierungsrot bréngen. De Gesetzprojet ass zanter Februar 2020 an der Chamber-Gesondheetskommissioun.