1.450 Wunnenge gi gebaut. Dovunner sinn 30 Prozent Sozialwunnengen. 3.000 Leit wäerte spéider am Quartier wunnen. Nom Congé collectif am August fänke gréisser Aarbechten um Site un. Am Joer 2024 ginn déi éischt Haiser an Appartementer an d’Vente.
Nieft Wunnengen, enger Schoul a verschiddene Geschäfter, soll den neie Quartier och eng gréng Long kréien. Gréngfläche si virgesinn. Autofräi bléift de Site. Dowéinst gëtt den ëffentlechen Transport favoriséiert.
Och d’Mobilité douce - an dësem Fall de Vëlo - soll eng wichteg Roll spillen. Dëse Projet entsteet duerch d’Zesummenaarbecht vu verschiddenen Acteuren.
36.000 Awunner zielt d’Escher Minettemetropole. Duerch déi nei Quartieren Esch/Schëffleng a Rout Lëns vergréissert sech d’Populatioun. Estimatiounen no géife bis 2050 duebel souvill Leit zu Esch wunnen ewéi den Ament.