Geo-Pad zu BeefortEn neie Wanderwee am Mëllerdall erkläert d'Geologie, mee net nëmmen

Monica Camposeo
De Mëllerdall krut en neien thematesche Wanderwee. Domadder soll déi besonnesch Geologie ronderëm de Lëtzebuerger Sandsteen de Leit méi no bruecht ginn.

Sougenannt Geo-Pied ausbauen, dat war och e Krittär vum “UNESCO Global Geoparks”-Label. A 14 Statioune léieren d’Wanderer elo wéi d’Haupeschbaach an d’Halerbaach d’Regioun beaflossen. D’Monica Camposeo huet de Geo-Pad ausprobéiert.

Dat Besonnescht beim neie Wanderwee zu Beefort ass, dass et quasi ëmmer laanscht d’Waasser geet. Virun 200 Millioune Joer war do, wou elo de Mëllerdall ass, nach Mier, erkläert d’Geologiewëssenschaftlerin Dr. Birgit Kausch. D’Sandkären hu sech du mat der Zäit zu Sandsteen gefestegt. Den neie Geo-Pad soll awer net just d’Geologie erklären, mee och d’Verbindung tëscht der Natur an dem Mënsch weisen. Wéi de Mënsch de Sandsteen genotzt huet, dat gesäit ee ganz gutt um Beeforter Schlass. Ma och Mille sinn duerch d’Waasser ugedriwwe ginn, esou d’Geologiewëssenschaftlerin.

Mëllerdall als Deel vun engem internationale Reseau

Den neie Wee zu Beefort ass den zweete markéierte Geo-Pad an der Regioun, deen éischten ass zu Rouspert. Zanter 2022 gehéiert de Mëllerdall zum internationale Reseau vun den “UNESCO Global Geoparks”. Pedagogesch Wanderweeër wéi deen heite sinn en Deel vun deem Label. Doduerch gi Regioune mat engem besonnesche geologeschen Ierwe méi visibel gemaach, och international. Fir den Tourismus an der Regioun ass d’Auszeechnung also duerchaus interessant, präziséiert de Jean-Luc Nosbusch, Buergermeeschter vu Beefort. Erhofft gëtt sech virun allem méi Visibilitéit fir Beefort, fir d’Touristen attraktiv ze maachen.

Geo-Pad zu Beefort
En neie Wanderwee am Mëllerdall erkläert d’Geologie, mee net nëmmen.

Lass geet den neie Geo-Pad offiziell beim Parking Härewiss. Ma vue dass et e Rondwee ass, kann een zum Beispill och beim Schlass lasstrëppelen. Op 5 Kilometer a ronn 100 Héichtemeter geet et duerch de Mëllerdall, laanscht d’Haupeschbaach an d’Halerbaach, e sougenannte Geotop.

Och fir Kanner gëtt et um Wee vill z’entdecken

De Wee ass net barrièrefräi an et sollt ee fest Schong unhunn, well et net ëmmer eng Bréck gëtt fir iwwer d’Baach. Fir Kanner gëtt et awer genuch Entertainment. D’Conny Koob, Pressespriecherin vum Geopark Mëllerdall, weist eis déi zum Deel interaktiv Erklärtafelen. Op enger kann een d’Spueren, déi een am Bësch fënnt, mat den Déiere vergläichen, déi se hannerloossen. Awer och aner Spueren, déi een um Bëschwee fanne kann, esou wéi zum Beispill Knabberspueren. 14 esou Statioune ginn et. Fir se all ze fannen, muss een engem orange Symbol nogoen. Déi sougenannt Däiwelskrall ass dee Fossil, deen an der Regioun am heefegsten ze fannen ass. Dowéinst louch dëst Symbol als Markéierung op der Hand, esou d’Conny Koob, Pressespriecherin vum Geopark Mëllerdall.

De Budget fir de Geo-Pad zu Beefort ass mat 73.000 Euro chiffréiert, esou nach de Buergermeeschter. De Jean-Luc Nosbusch präziséiert, dass dat just d’Käschte vum Material sinn, d’Aarbecht vun de Leit, déi um Konzept geschafft hunn, gouf net mat gerechent. Knapp ee Joer hunn den Natur- an UNESCO Global Geopark Mëllerdall, d’Gemeng Beefort, de regionalen Tourismusverband vun der Regioun an déi zoustänneg Fierschter um Projet geschafft, esou nach d’Geologiewëssenschaftlerin Birgit Kausch. Weeër auszeschaffen, déi d’Geologie vun der Regioun an de Vierdergrond setzen, war eng Ufuerderung bei der leschter Evaluatioun vun der UNESCO.

En drëtte Geo-Pad ass dann och schonn an der Maach. Am Laf vum nächste Joer soll e Wee an der Gemeng Bäerdref ageweit ginn. An d’nächst Joer evaluéieren dann zwee Member aus auslänneschen UNESCO-Geoparken nach emol d’Ëmsetzung vum Label hei am Mëllerdall.

PISA - Expeditioun am Fiels (27. September 2020)

Den Olivier Catani an de Mister Science seele sech an d’Ste Barbe erof. Wéi opwenneg ass de Wee duerch déi grouss Hiel? Wéi ass dës ënnerierdesch Welt entstanen? Wéi eng Déieren iwwerliewen hei am Däischteren? A wat mécht des ënnerierdesch Welt esou besonnesch?

Expeditioun am Fiels
Op Entdeckungsrees an där spektakuläersten Hiel vu Lëtzebuerg

PISA: Op Entdeckungsrees an där spektakuläersten Hiel vu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO