Wann an der Zäit virun allem déi italieenesch, portugisesch, kapverdianesch a spuenesch Communautéite viséiert a representéiert waren, gehéieren haut och d’chineesesch, d’pakistanesch a soss eng ganz Rei méi exotesch Associatiounen zum Festival. Si bréngen och dëst Joer hir Kultur an d’Luxexpo. Dat bis e Sonndeg, 16. Mäerz nach mat.
D’Anita Helpiquet ass zënter 2007 am associative Beräich aktiv a mierkt natierlech, dass sech eppes ännert, wat d’Migratiounen ugeet. Däitlech wier et virun allem um Festival, deen e Multikulti-Lëtzebuerg a Miniatur ze si schéngt.
De Festival wier vill méi grouss wéi deemools, 2007, wéi si fir d’éischt dobäi war, erënnert sech d’Anita Helpiquet, haut Directrice vum CLAE. Uganks waren et d’Italieener, d’Portugisen, d’Kapverdianer an och d’Spuenier, déi sech um Festival presentéiert hunn. Haut kommen déi ronn 400 Stänn vu bal iwwerall op der Welt hier, e puer Länner si souguer e puer mol representéiert a weise virun allem hir kulinaresch Spezialitéiten.
De Festival wier wier eng richteg Feier, e Fest mat vill méi Associatiounen, dorënner chineesescher, indescher, afrikanescher ... An d’Leit hätte Loscht dorobber, sou d’CLAE-Chefin.
Wat den “Zesummen” ugeet, dee gouf et déi Kéier zum Beispill musikalesch an an der Koppel. Litauen danzt mat Auslänner, “par amour”. D’Danze wier eng Méiglechkeet, zesummenzefannen.
Zesummen, ee wéi deen aneren, d’Frae mat de selwechte Rechter wéi d’Männer. Esou lieft och de gebiertege Pakistani an Imam Muhammad Zafarullah hei am Land, erkläert hien a lueft Lëtzebuerg als Land ouni Terrorismus an Diskriminéierung.
Effektiv, um associativen Niveau lieft et sech zesummen, am Grand-Duché, am Alldag, vläicht och op der Aarbecht … an der globaler Realitéit schéngt et eng aner Saach.
“Faire Société ensemble”, sou de Slogan vum CLAE, deen de Festival des Migrations an der Zäit mat der Asti zesummen organiséiert huet. Do stoungen de “Vivre ensemble” an de politesche Message vu béiden Associatiounen am Mëttelpunkt vum Intressi. A kloer Fuerderungen! Haut riet d’Politik, vertrueden duerch eng Stater Schäffen an dräi Ministeren.