Grouss TraditiounEndlech nees zesumme sinn op der 46. Editioun vum Landjugenddag

Pierre Weimerskirch
Nodeems wéinst der Pandemie 2 Joer d'Evenement net konnt organiséiert ginn, war et dëst Joer déi 46. Editioun.
Zesumme sinn op der 46. Editioun vum Landjugenddag
Nodeems wéinst der Pandemie 2 Joer d’Evenement net konnt organiséiert ginn, war et dëst Joer déi 46. Editioun.

De Landjugenddag huet mëttlerweil eng grouss Traditioun a gëtt all Joer vun enger vun de 7 regionale Landjugendgruppen organiséiert. Dëst Joer ware knapp 2.000 Jonker aus dem ganze Land zu Harel zesumme komm. Eng 2.000 Jonker hunn an 240 Ekippen de Parcours vun 8 Kilometer ronderëm Harel an Ugrëff geholl. 5 Spiller hunn ënnerwee op si gewaart. D’Opriichtaarbechten hu knapp 2 Méint gedauert. Eleng fir d’Waasserspill opzeriichten, waren d’Organisateure 4 Deeg amgaangen. D’Traditioun vum Rallye op Christi Himmelfaart zesummen ze feieren, feiert geschwë 50 Joer.

Nei Leit kenne leieren, den Zesummenhalt ënnerenee stäerken a nei Erausfuerderunge gemeinsam léisen, dat wier dat wourëms et géing goen, esou de Charel Fautsch President vun der Landjugend Uewersauer. Fir vill Jonker ass et ee wichteg Rendez-vous op engem Feierdag ginn.

Net nëmme sportlech war een ënnerwee, och de Kapp huet missen ugestrengt ginn. Eng vun den Aufgabe war e Lidd aus dem Engleschen op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen. Wéi eng Ekipp d’Aufgaben am beschte gemeeschtert huet, gouf ee réischt um Donneschdegowend gewuer. Mee dat ass fir déi meescht souwisou egal.

Back to Top
CIM LOGO